Kaméidi am Sënn vun ze haarde Geräischer. Dat kann alles sinn: den Noper, dee seng Wunneng renovéiert, den Hond niewendrun, deen nonstop billt oder Gefierer op Stroossen, déi ee reegelrecht erschrecken, wa se laanscht fueren. D'Marie Gales huet sech doriwwer Gedanke gemaach.

Apropos Kaméidi

Vir ewech geholl, ech mengen domadder net Kanner, déi spillen an do och alt jäizen. Dat muss sinn, fir als Stëmmchen ze spillen, mécht et kee Spaass. Den Noper huet och Recht seng 4 Wänn an d'Rei ze setzen a Sireene vu Police, Ambulanz oder Pompjeeë erfëllen hiren Zweck an mussen op sech opmierksam maachen. Ok, den Hond billt, allerdéngs wann deen ëmmer nees billt, wann eng Méck laanscht flitt oder well e konstant eleng ass, doriwwer léisst sech diskutéieren a gäre streiden.

Ech sinn u Kaméidi als Minettermeedchen am Fong gewinnt, wien an der Géigend vun der Schmelz wunnt, muss mat Geräischer vun Arcelor Mittal, fréier Arbed liewen. Déi héiert een op eemol net méi. Oder just, wann et roueg gëtt an ee sech freet firwat se dann net méi walzen oder killen.

Mir stiechen virun allem aner Geräischer an d'A, besser gesot a mäin Ouer. 50 Kubiken, bei deenen den Auspuff manipuléiert gouf. Quaden, déi nach versichen am Stau duerch d'Mëtt ze fueren. An Autoen, bei deene serieméisseg e Knäppchen agebaut ass fir Kaméidi ze maachen!!!!

Deslescht erlieft am Mierscher Tunnel, wou ech duecht ech wier an enger Formel 1 Course. Ech krut dunn erkläert, datt vum Wierk aus dee Kaméidi-Knäppchen dran ass, an deem schwäindeieren Auto.

Ech konnt just staunen, ok...dat wousst Dir vläicht, ech net, ech sinn elo keen Autosgeck. Mä zu wat fir engem Hellegen, ass dat esou!? Wee baut sou e Kabes?! Also ech weess, mä dat ass net d'Essenz vun der Fro. Wat soll dat?

Ech wunnen net wäit ewech vun enger Autosbunn an héieren dann nuets wann déi Autoen getest ginn. Ech hunn och nach Versteesdemech, wann engem dat säi Pleséier ass, mä da soll een op sou Piste goen, wou dat geet. Awer seng Passioun am Stroosseverkéier auszeliewen, ass net just geféierlech, vue d'Vitess. Ma et nervt och onheemlech.

Rezent war ech lafen an alt nees ass sou eng Sportsmaschinn laanscht gebriedert mat engem Auspuff, dee ferme Kaméidi gemaach huet. De Chauffer hat allerdéngs net déi 2 Polizisten um Motto gesinn, déi och kuerz dono an déi selwecht Richtung gefuer sinn an opmierksam op deen décke Kaméidi goufen. Do si se him mol nogefuer.

Fazit:

Kaméidi féiert zu Kaméidi, am duebele Sënn! E bëssi méi Regard no riets an no lénks, a et kéint vill méi roueg sinn! Och am duebele Sënn!