Et ass erëm sou wäit. Haut, um zweete Sonnden am Juni, gëtt zu Lëtzebuerg Mammendag gefeiert. Mat Blummen, Knippercher, engem selwer gebastelte Kaddo gëtt d’Mamm verwinnt. Och d’Josiane Hoffmann huet sech a sengem Apropos vun haut e puer Gedanken iwwer Mammendag a Mamm-sinn gemaach.

13/06/2021 Apropos Mammendag

An de leschten Deeg sinn ech op éischter klassesch Erënnerungen u Mammendag gestouss. Op Reklamme mat wäisse blonden, perfekt gestylte schlanke Frae vun Ufank Drësseg. Se hu begeeschtert gelaacht, wéi perfekt kleng Kanner, meeschtens Meedercher, hinnen e Kaddo ginn hunn, meeschtens Blummen. Net datt ech eppes dogéint hätt, ech sinn och frou mat Blummen. Mee grad am 21. Joerhonnert kéint een an der Publicitéit awer e bësse vum klasseschen Mammen-Idyll ewechkommen. Eis Welt ass faarweg a villfälteg, an dat misst och u Mammendag vill méi gewise ginn.

Den 9. Mee war jo an Däitschland Mammendag. An och do gouf an de Medien de Fokus op en éischter traditionellt Mamme-Bild geluecht. Am Resumé: Eng Fra, déi e Kand op d'Welt setzt, wat aus hiren eegenen Eezellen entstanen ass, gëtt am Moment vun der Gebuert Mamm. Se niert a versuergt den Nowuess. Gläichzäiteg versicht se, Famill a Beruff ënnert en Hutt ze kréien. An natierlech stellt se sech och dem Konkurrenzkampf tëscht Mammen, well se jo net wëll als sou genannt „Rabenmutter“ ofgestempelt ginn.

Dat alles stëmmt sécherlech, mee eng Mamm definéiert sech dach net just iwwer d’Biologie. Grad hautdesdaags ass de Konzept vum Mamm-sinn eigentlech e ganz dynameschen. Di familiär Liewensforme pluraliséiere sech - an dohier steet de sozialen Aspekt vum Mamm sinn vill méi am Mëttelpunkt. "Mamm sinn" heescht engem Kand Léift ginn, eng intensiv Bindung zu ëm opbauen, Verantwortung fir et iwwerhuelen, an zwar och, ouni datt een et als Fra selwer ausgedroen huet, respektiv genetesch mat him Famill ass.

Och eng Adoptiv- oder Fleege-Mamm ass eng Mamm. Och di nei Partnerin vun der Mamm oder dem Papp an enger Patchworkfamill ass eng Mamm. Eng Tatta z.B., déi sech mat vill Léift an Engagement ëm e Kand këmmert, kann eng Mammeroll iwwerhuelen. Net all d’Kanner wuessen an hirer Kärfamill op. Fir vill vun hinnen ass vläicht eng Educatrice, déi si säit Jore mat vill Häerz begleet, wéi eng Mamm.

An deem Sënn: Alleguer de Mammen e schéinen, sonnege Mammendag!