De 6. Juni gouf am däitsche Bundesland Sachsen-Anhalt gewielt. Esou ze soen d’Generalprouf virun der Bundestagswal de 26. September. Dass d’CDU do, entgéint alle Sondagen, mat 37,1% vun de Stëmmen als klore Gewënner ervirgoung ass sécher eng impressionant Zuel, mee et ass net déi, déi dem Camille Ney am meeschten opgefall ass…

20/06/2021 Apropos Walrecht

Nëmme ganzer 60,3% vun de Wieler a Sachsen-Anhalt hunn et fir néideg fonnt, hir Stëmm ofzeginn. An engem Walkrees zu Halle waren et der esouguer nëmme ganzer 52,4%.

D’Recht fir ze wiele geet zeréck an déi antik Zäit an ass ee vun de Pilieren vun der representativer Demokratie. E politescht Grondrecht, fir dat se an Amerika bis 1965 gekämpft hunn. Dat fir d’Frae war dobäi dacks nach méi schwéier duerch ze setzen, wéi dat vun de Männer. E Walrecht – ech däerf wiele goen, meng Meenung äusseren andeems ech Leit ënnerstëtzen, déi meng Iddie vertrieden an déi aus menger Siicht d’Geschécker vum Land, der Regioun oder der Stad am beschte vertrieden, an anerer net.

Dass et elo ëmmer méi Leit ginn, déi net vun deem Recht Gebrauch maachen, ass a sech net ze verstoen. Wann ee vun 2 net méi wiele geet, dann ass d’Majoritéit vun der Hallschent scho gefillt an der Minoritéit. Mee wat dréckt dat „Net-Wielen“ aus? O-Bock, Ras-le-bol, Protest? Aussoe wéi ʺet ännert jo souwisou näischt !ʺ oder ʺwat soll meng Stëmm do scho bewierken?ʺ héiert een dacks. Grad esou wéi de Saz ʺsi sinn dach all d’selwecht !“ am Bezuch op d’Walprogrammer vun de Parteien.

Dat féiert mech dann zu enger relativ provokanter Fro: maache Parteien am 21. Joerhonnert iwwerhaapt nach Sënn? An Israel koaléieren des Woch 8 Parteien vu verschiddenster Faarf fir dem fréiere Premier lass ze ginn! Bei deem Regierungsrot géif ech an Zukunft gär Maische spillen – dat ass gefillt esou wéi um Dësch vun enger Famill mat 6 Kanner! Déi scho legendär Splitterkrisen aus der Belsch an Italien gehéiere schonn zanter Joren zum Dagesprogramm.

Wier et an deem Sënn net méi sënnvoll, eis Parteielogik ze iwwerdenken? Eis Regierung, wéi an enger moderner Firma, als Conseil d’administration mat deene kompetentste Leit opzestellen, déi vum Vollek gewielt sinn, onofhängeg vun all Parteikaart? Vun där komplett iwwerliefter Logik vun eise 4 Wal-Bezierker guer net ze schwätzen. Du wëlls Finanz- oder Ausseminister ginn? Da stell Deng Kandidatur an d’Vollek entscheet, wien et am Kompetentste fir dee Poste fënnt. A wann een eng komme léisst, gëtt deen ersat, ouni Regierungskris an Neiwalen.

Apropos Finanzminister: ech erënneren drun, dass eis aktuell Koalitioun aus 3 Parteien an hiren eegene Reie kee gëeegente, gewielte Kandidat hat, fir dee Posten ze iwwerhuelen. Dee gouf grad esou vu bausse kooptéiert, wéi scho vill anerer virun him. Esou gouf dem Wieler säi Wëlle souwisou mat Féiss gerannt – da versteet een, dass d’Loscht vum Wieler, fir seng Kräizer ze maache, sech a Grenzen hält.