Sech vun allem ëmmer nëmmen dat bescht ze wënschen, ass jo verständlech. Et kann een awer och ze vill exigent sinn, mengt d'Bea Kneip am Apropos vun haut.

Apropos: Et muss (net) ëmmer alles perfekt sinn

Am leschte Joer hu mir jo alleguer emol misste léieren, Waasser an eise Wäin ze schëdden. Fester feieren, a Vakanze fueren, oder och nëmmen e gutt Iessen an engem Restaurant, alles dat war net méi oder just nach begrenzt méiglech. Mä och an normalen Zäite gëtt et kee Wanter ouni Glatäis a kee Summer ouni Mustiken. An dëst Joer loossen se sech souguer nach vu Grasmilben a pickege Raupen assistéieren... Dat ass net schéin, mä esou laang wéi een net wierklech e gréissere Schued dovundréit, ass et och net dramatesch. Dobäi ass et jo eigentlech normal ëmmer dat bescht ze wëllen, am Idealfall ouni iergendwelch kleng oder grouss Schéinheetsfeeler. Dee perfekten Diner, d'Dram-Vakanz, de ganzen Dag op der Plage ouni Sonnebrand oder Sand an de Schong. Problematesch gëtt et just wann ee mengt et hätt een e Recht op dës Perfektioun, et misst een och vu senge Matmënschen de rouden Teppech ausgerullt kréien, nom Motto "et muss alles bis op den I-Tëppelche klappen, just ech selwer ka mir esou vill Feeler erlabe wéi ech wëll". Am Engleschen nennt een dat "Entitlement", op gutt Lëtzebuergesch géif ee vun engem verwinnte Guss schwätzen. Dobäi schued deejéinegen sech fir d'alleréischt emol selwer, well op déi Manéier ass ee jo ni zefridden. An och bei de Matmënschen hannerléisst dat éiwegt Gemeckers kee gudden Androck. Natierlech brauch een sech net alles gefalen ze loossen, an et muss een och nach laang net ëmmer alles gutt fannen. Mä d'Liewe besteet nun emol aus Kompromësser. Wéi esou dacks hänkt alles dovun of, dass een déi richteg Mooss fënnt. An heiansdo einfach emol dankbar sinn fir dat wat een huet, aplaz verdrësslech well dat eent oder anert wat op der Wonschlëscht steet, villäicht net oder nach net ukomm ass. An et sollt ee frou sinn, dass een iwwerhaapt eng Wonschlëscht huet, well esou laang kann een nach dreemen...