Op de soziale Medien ka jiddereen iwwerall, a bei allem, säi Pefferkär bäileeën. Jidderee ka seng Meenung soen. Awer net jidderee muss se soen, mengt de Guy Seyler am Apropos vun haut.

Apropos: Negativen Aspekt vun de soziale Medien

Braddeler sinn et ëmmer ginn. An all Duerf, bei all Comptoir huet een der begéint. Mee et konnt een hinne liicht aus de Féiss goen. Et huet een se kannt oder séier erkannt.

Haut ass dat anescht. An de soziale Medien mat hire Kommentarfunktiounen kréien dës Leit eng Plattform, déi hinnen eng onbegrënnt Wichtegkeet gëtt. Si fanne sech hei a grousser Zuel zesummen, a verdrängen, jo vergraulen déi Leit mat intelligente, fondéierten Argumenter.

Bei der Futtball-Europameeschterschaft sinn op der däitscher Televisioun och Fraen am Asaz. Als Kommentatorin an als Expertin. Wat déi sech am Netz alles musse gefale loossen: „Fraestëmme passen net bei de Futtball, Frae kenne souwisou näischt dervun, deenen zwou Tussien ass net nozelauschteren asw.“  Bei esou deplacéierte, meeschtens och nach orthographesch minabelen Haass-Kommentairen  schummen ech mech fir si.

Dänemark ass mat 0 Punkten an hiren 3. Match gaangen, an huet e klengt Wonner realiséiert. Mat flottem, attraktive Futtball, mat Häerz an Enthusiasmus hu si de Géigner 4 -1 iwwerlaf. No allem wat si virdru mat gemaach haten, huet wuel jiddereen sech mat hinne gefreet.

Nee, net jiddereen! An de soziale Medien hunn sech e puer Besserwësser gemellt, an hunn dem Reporter eng gewësse Sympathie fir Dänemark virgehäit. Dëse Blödsinn gouf esou wäit gedriwwen, datt d’ARD sech ëffentlech entschëllegt huet. Domat ginn dës Toperten eescht geholl. Dat ass dat, wat schlëmm ass.

Et schéngt mir, wéi wann all déi, déi sech fréier an der Schoul net getraut hunn, de Fanger ze weisen, haut ënner dem Deckmantel vun der Anonymitéit hirer Mediokritéit kënne fräie Laf loossen.

Den Auteur a Blogger Sascha Lobo bezeechent Facebook als en „Deppenmagnet“. Hie mécht duerfir en Appell u jidder wéinstens hallef normal Begaabten, sech och am Netz ze beweegen: „Fir net den Dommen d’Feld ze iwwerloossen“.