Wéi vill Spill ass nach Sport? A wéi vill Eescht ass Sport? Wéi vill Sport a Spill oder soll ee soen, Brout a Spill, brauche mer? A mat wéi vill Eescht solle mer dat ugoen? D'Christiane Kremer sicht no Äntwerten.

Apropos "Brout a Spill?"

"Brout a Spiller", dee Begrëff geet op de réimeschen Dichter Juvenal zeréck, dee satiresch undeit, datt ee mat gratis Brout an Ënnerhalung d'Mënsche vun deem oflenkt, wat eigentlech hir politesch Matbestëmmung an hire kritesche Geescht ass. Ëmmer erëm taucht dëse bal 2000 Joer ale Sproch op, wa Politiker probéieren, mat Geschenker d'Vollek roueg ze halen.

Oder wann e grousst Sportevent ass. An där ginn et der jo den Ament zwee, déi aus dem Corona-Joer 2020 adoptéiert goufen. A komescherweis bréngen am Corona-Joer 2021 souwuel d'Fussball-EM wéi och d'olympesch Spiller bal méi Betraffenheet an Engagement wéi Oflenkung.

D'"Brot und Spiele"-Mentalitéit vun der UEFA ass op alle Fall net opgaangen. De reeboufaarwege LGBTQ Manifest, dee se um Stadion zu München verbueden hat, ass dunn eréischt richteg ausgebrach: bei den anere Stadionen oder um Aarm vum däitsche Kapitän. Och d'Anti-Rassismus-Demonstratioun vun de Spiller virum Match huet gewisen: Et geet ëm méi wéi reng Ënnerhalung.

Et geet awer vrun allem och ëm Emotiounen: wéi beim dramatesche Kollaps vum dänesche Spiller Christian Eriksen oder de sportlechen Iwwerraschungen, wéi dem Schwäizer-Eelefmeter-Held Sommer géint de franséische Weltmeeschter. Alles dat konnt een an de Gesiichter vun de Supportere gesinn. Jo, dat huet scho gutt gedoen, dat war engem op eemol nees sou no. Ze no? Supporteren ouni Mask an zu 10-Dausende beieneen? Mat Corona-Zuelen, déi nees klammen ... Ass dat net och Politik am Fussball, léif UEFA? Oder reng Berechnung?

Dës Froe ginn och un dech, léiwen IOC, wéi ass et, wann ee sou op eppes drängt an dann awer decidéiere muss, d'Olympesch Spiller ganz ouni Publikum ofzehalen?

"Spiller" hu se zu Tokio. Brout sécher och. Mä soss ass Noutstand. Am Land an am Stadion.