Trauer ass eppes, wat jiddereen anescht lieft: déi eng an der Stëll, déi aner mat méiglechst ville Frënn a Bekannten, ëffentlech oder an der Intimitéit. Faarweg oder schwaarz – déi lescht genannte Faarf, wann et dann eng ass, ass och an de soziale Medien Tromp.

Apropos vum Camille Ney: De schwaarze Punkt

Op Facebook ass et mëttlerweil esou Usus, dass ee seng Profilfoto an engem Stierffall duerch en unis schwaarzt Bild ersetzt – als Symbol fir d’Trauer, well een ee Léiwen aus der Famill oder aus der Bekanntschaft verluer huet. Mee dat gëtt och gemaach, wann d’Kaz, den Hond, de Kanarievillchen oder den Hamster iwwer d’Reeboubréck gaang sinn.

Dës modern, digital Doudesannonce huet awer ee groussen Nodeel : déi digital Frënn oder Bekannte wësse meeschtens net, wien do aus dem Liewe getratt ass. Et dauert dann natierlech och net laang, bis déi éischt Bäileedskommentaren drënner geschriwwe ginn. Déi eng wësse Bescheed, fir wien dat schwaarzt Bild geduecht ass, anerer si virwëtzeg, well si dat och gär wéissten a sinn da frou, wa deen een oder anere säi Courage an 2 Hänn hëlt a schreift: „Oh mei, wien ass da gestuerwen?!“. Des lescht hunn ech – entschëllegt mech an eiser Här verzei mir – missen haart laachen, wéi eng Dame huet missen drënner schreiwen „nee, et ass net mäi Mann, et ass d’Schwéiermamm!“. Do war de Mann schonn dout, e wousst nach näischt vu sengem Leed an d’Useren hunn hie mat Komplimenter an den Himmel gehoff, dass déi aarm Schwéiermamm do nëmme jalous konnt sinn.

Eng Fro, déi een sech souwisou bei all Stierffall ka stellen: „firwat soe mir engem léiwe Mënsch net schonn zu Liewenszäiten, wat seng Qualitéite sinn a wéi frou mir mat him sinn?“ Ënnert dem Buedem oder am Bësch verstreet sinn déi Gedanken an Noriff zwar och nach léif gemengt, mee op se och do ukomme, wou se hi gehéieren....? Déi digital Trauer huet dann och nach aner zwou aner Auswierkungen: d’Doudesannonce si scho publizéiert, ier se iwwerhaapt an d’Zeitung kommen. Dat kann der geschriwwener Press och net gefale, well dat wuel nach ee vun den eenzege Grënn ass, firwat se iwwerhaapt kaaft oder abonéiert gëtt. Et dauert och bestëmmt net méi laang, da kann een op där selwechter Plaz mat engem Klick e Virement fir de gudden Zweck vun der Doudesannonce maachen! Et duerf een dat also elo net alles schwaarz molen!

An nach eppes Positives hunn déi sozial Netzwierker an deem Kontext: et gëtt ee reegelméisseg u léif Leit erënnert, déi an deem Sënn net vergiess sinn, och wann hire Kont vun der Famill geläscht gouf. A Posten an op Fotoe liewe si weider, verschiddener ginn esouguer scho virum Dout nach eng Kéier ronderëm d’Welt geschéckt. Vill Leit kommen nëmmen iwwer hir eegen Trauer ewech, wa si ëmmer an ëmmer erëm Souvenire vun hire Léifsten opliewe loossen. An da gëtt et nach d’Gemeinschaftsform vum Trauer: a fäerdeg produzéierte Biller wéi „Je suis Charlie!“ a senge sëllegen Declinaisounen, mam Trauerflor an der Solidaritéit fir eis Police, eng Rass oder e Land, drécken d’Leit hirt digitalt Matgefill aus an domat dacks och anengems eng politesch Meenung. D’Trauer ass also definitiv e wichtege Bestanddeel vun de soziale Medien a generéiert all Dag dausende vun Emojien, déi kräischen, op der ganzer Welt! Schlecht kann dat sécher net sinn, well bei all Klick, all Commentaire denkt ee jo un e léiwe Mënsch.

Heiansdo ass mir dat esouguer léiwer, wéi virum engem Sarg an der Rei ze stoen an ze waarde, bis ee mam Seenen dru kënnt… an d’Hand gi mir eis jo souwisou net méi!