D’Schoul huet ugefaangen an domat ass och op de Stroossen nees méi lass. Am Kontext vun der Mobilitéitswoch mécht d’Bea Kneip sech seng eege Gedanken.

Wat wiere mir ouni Mobilitéit? A fréieren Zäiten hätt dat wéi eng rethoresch Fro geklongen, mä spéitstens zënter dem Lockdown 2020 wësse mir wat gemengt ass. Vun A op B ze kommen, dat kléngt einfach, mä den Däiwel läit wéi sou dacks am Detail. An der Detailer ginn et der iwwerraschend vill ze klären, souguer wann ee Corona emol ausklamert. Wéi eng Verkéiersmëttel eegnen sech fir den Trajet, wéi disponibel sinn se a wéi vill Zäit huet ee fir unzekommen? Wéi kamout, wéi accessibel a wéi praktesch sinn déi eenzel Methoden? Wat muss een dofir bezuelen, a last but not least, wat sinn d’Käschte fir d’Ëmwelt? Dass de Verbrennungsmotor op laang Dauer keng Zukunft huet, wësse mer scho laang, awer och d’E-Mobilitéit ass net ganz onëmstridden, an ech fir main Deel géif mir méi eng sachlech Diskussioun doriwwer wënschen.

De Velo. Op den éischte Bléck eng super Saach, mä et däerf een net vergiessen, dass vill Leit aus Alters oder Gesondheetsgrënn do guer net matspille kënnen, och wann se dat villäicht wéilten. An dacks ginn déi zwee Rieder éischter fir Sport a Fräizäit benotzt wéi fir Mobilitéit am klassesche Sënn.

Den ëffentlechen Transport:  Et ass vill dru geschafft ginn an de leschte Joren, mä fir d’Benotzer huet dat net nëmme Virdeeler mat sech bruecht. RGTR Busser déi net méi an de Stad-Zentrum fueren, zum Beispill. Oder en Zuchréseau op dem permanent geschafft gëtt, mécht, bei allem Versteesdemech fir noutwendeg Aarbechten, d’Saach net onbedéngt méi einfach. Trotzdem fueren ech perséinlech immens gären mat Zuch a Bus, mä ebe well ech et gären an dacks maachen, gesinn ech och wou et kéint besser klappen. Accessibilitéit fir eeler a behënnert Persounen zum Beispill. An och d’Sécherheetssituatioun op de Garen ass ee ganz wichtege Punkt.

An: Rücksicht vu jidderengem op jiddereen. Och an zemol op déi schwächsten a gläichzäiteg gréisste Grupp vu mobile Mënschen: op d’Foussgänger. Dat ass jo jiddereen op d’mannst fir e kuerzen Deel vu sengem Trajet. Well: Och ze Fouss goen, ass duuss Mobilitéit, mä, et huet een den Androck, nach ëmmer d’Stéifkand vun der Transportpolitik.

Apropos: Ëmmer op der Rull?