Et mierkt een et ënnerwee: d'Vakanz ass eriwwer, d'Stroossen nees iwwerfëllt. A sou lues duerfen och aner Plaze sech nees fëllen: Kulturhaiser, Restauranten, Sport-Terrainen. Och wa mer dee Virus sécher net lass sinn, deet et gutt emol nees zesummen eppes z'erliewen. Den Hierscht versprécht, wat de Summer net konnt halen, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.

Apropos: "Wat e Summer!" dee kee war

Neen, ech schwätzen net just vum Summer, deen eisem Gefill no kee war, well d'Wieder eis jo vill manner mat Sonn verwinnt huet wéi soss. Woubäi mer déi iwwerdriwwen Hëtzt vun de leschte Jore wierklech net gefeelt huet. Mä dee Summer war och net dat, wat ee sech soss mol gewënscht huet: eng roueg a relax Zäit, wou och d'Aktualitéit eng Grëtz manner séier gedréint huet. Besonnesch no deene laange Méint vu Lockdown-Op an Zou an Impfdiskussiounen derfir an dergéint.

Mä neen, dee Summer huet eis vun enger Emotioun an déi aner geheit. Do war déi schrécklech Iwwerschwemmungskatastroph an eisem Land an an eisen Nopeschlänner, bei där ee Biller gesinn huet, déi ee sech an eise Géigende bis elo nach net huet musse virstellen. Eng falsch Virstellung - wéi mer wëssen, grad wéi déi, datt de Klimachangement och am Lockdown wier.

Do waren awer och déi dramatesch Biller aus Afghanistan mat der Course géint d'Zäit, fir sou vill wéi méiglech Mënschen nach a Sécherheet an aus dem Land ze kréien. Mënschen, déi hiert Liewen an hir Fräiheet an dem Taliban-Afghanistan vun haut riskéieren. Fraen a Meedercher virun allem, wéi mer lo nees all Dag mussen nokucken.

Vläicht goung et Iech wéi mir, mat Momenter konnt ech all dës Informatiounen net méi a mengem Kapp a mat mengem Gemitt verschaffen.

Wann een dann och nach op eemol physesch schlapp mécht a sech just nach selwer bedauert, dann ass alles ze vill. An esou engem Moment hunn ech op der Tëlee d'Iwwerdroung vun de Paralympics gekuckt a mech vun de Performancen an de Geschichte vun den Athleete beréiere gelooss.

Besonnesch d'Geschicht vun engem Kanut, deen no senger Flucht aus Syrien virun e puer Joer, an Däitschland Asyl an Aarbecht krut a bei engem Aarbechtsaccident héich erofgefall a querschnëttsgeläämt ass. An dee vrun engem Joer ugefaangen huet mat trainéieren. Datt en et bis dohinner gepackt huet, ass schonn e klengt Wonner. A säin Zil ass elo Paräis an 3 Joer, sot de Mann herno am Interview.

Wat eng Energie, wat eng Motivatioun, wat e Mutt, wat e Message: Neen, et soll een d'Läpper net hänke loossen, mä sech weider informéieren, encouragéieren, engagéieren. Fir alles, wat engem wichteg ass a woufir et sech lount.