Den éischte Sonndeg am Oktober, dat bedeit hei zu Lëtzebuerg: et ass Pappendag. Nom Mammendag am Juni gëtt haut deen aneren Elterendeel geéiert. Ass et eng Éier, oder ass et just eng Geschäftsiddie? De Guy Seyler huet sech e puer Gedanke gemaach.

03/10/2021 Apropos Pappendag

1910 huet d‘Amerikanerin Sonora Smart Dodd den 1. Pappendag agefouert. Hier Mamm war fréi gestuerwen, a si huet duerfir hire Papp wollten éieren, dee 6 Kanner aleng grouss gezunn huet. Dës Iddie huet séier vill Sympathisante fonnt.

Eréischt 1972 awer huet den amerikanesche President Richard Nixon aus dem Pappendag en offizielle Feierdag gemaach.

An Europa gouf de Pappendag laut der Historikerin Susanne Rouette haaptsächlech vu „kommerzielle Propagandisten“ agefouert.

An Holland waren et d’Zigarefabrikanten. An Eisträich huet den Hiemefabrikant Helmut Herz déi grouss Firmen zesumme geruff. Mam Pappendag konnten si hiren Ëmsaz verduebelen.

An Däitschland waren et déi grouss Brauereien, déi sech vun dësem Dag e kommerzielle Gewënn  erhofft hunn. Déi Rechnung ass opgaangen, well déi däitsch Männer, op Papp oder net, zéien op Christi Himmelfahrt lass, mam „Bollerwagen“ voll mat Béier e Gesëffs.

Doiwwer heescht et dann och : „E Pappendag ouni Alkohol ass wéi eng Schwemm ouni Waasser“.  Oder: „Erst kommt der Vatertag, dann der Katertag“.

Esou eng Entwécklung ass schued. Et wier un der Zäit, datt d‘Pappe selwer hiren Image géifen opbesseren an mat dësem Quatsch géifen ophalen.

D’Pappen hunn nämlech mëttlerweil hiren Deel an hir Responsabilitéit an der Erzéiung vun de Kanner ugeholl. Bedéngt duerch déi rasant Entwécklung vun eiser Gesellschaft, wou d’Fra matschafft, gesäit de moderne Papp sech méi als Partner an der Famill.

Vun iwwer 13.000 Demande fir congé parental am Joer 2018 sinn 45 % vun de Männer agereecht ginn. Bal all zweeten bleift doheem a dréit zu enger positiver Bezéiung zu senge Kanner bäi.

D’Wëssenschaft huet erausfonnt, datt Kanner, déi eng stabil Bezéiung zu hirem Papp hunn, besser an der Schoul schaffen, méi tolerant, méi sozial a méi teamfäeg sinn.

Dat alles soll haut belount ginn. Mat engem klenge Cadeau. Kaaft oder gebastelt spillt keng Roll. Haaptsaach, dem Papp eng Freed maachen an zesumme Spaass hunn.