No 2 an halleft Joer kënnt d'Enquêtekommissioun fir sexualiséiert Gewalt géint Mineuren duerch déi kathoulesch Kierch a Frankräich zum Schluss, datt zanter 1950 zirka 330.000 Kanner sexuell Affer goufen an der Kierch. An 216.000 Fäll sollen d'Täter Geeschtlecher gewiescht sinn an a weideren Dausende Fäll Mënschen, déi fir d'Kierch schaffen. D'Marie Gales huet sech doriwwer Gedanke gemaach.

Audio Apropos Kierch a Mënschen

A ville Länner op der ganzer Welt huet et där Enquête ginn, och zu Lëtzebuerg. Dir erënnert Iech, wéi 2010 d'Cathol Hotline installéiert gouf, op där sech Affer vu Mëssbrauch, och Sexuellem duerch d'Kierch melle konnten. Och bei eis hu sech Leit gemellt, déi als Kand ganz Uerges hu misste matmaachen. Dat geet vu ferm draschloen bis zur sexueller Gewalt, d'Täter ware Paschtéier an och Nonnen. An dat genee op enger Plaz, déi ëmmer Schutz priedegt, genee do geet dann op eemol d'Hell op Äerd un, sief et an der Kierch selwer, Internater oder soss Institutiounen, déi vun der kathoulescher Kierch gefouert ginn. Och virun hiren eegene Leit gouf et kee Pardon, 2019 koum de sexuelle Mëssbrauch a Vergewaltegunge vun Nonnen duerch Paschtéier un d'Liicht.

Wa vu Grausamkeete vun der Kierch riets geet, kucke mir gäre wäit zréck an d'15., 16. an d'17. Joerhonnert, wou och zu Lëtzebuerg d'Hexeverfollegunge waren a Fraen a Männer vun der Kierch verbrannt goufen, well si mam Däiwel am Bond gestane sollen hunn. Oder gouf et eng Vermuddung, datt een net u Gott géif gleewen, stoung ee séier virun der Inquisitioun, deenen hir Kräizverhéier dacks a Gewalt oder Folter ausgeaart sinn.

Nach méi wäit zréck si mir bei de Kräizzich, tëscht dem 11. an 13. Joerhonnert, wou d'Chrëschten am Numm vum Jesus an den Noen Oste geridde si fir d'Moslemen ze bekéieren. Hunn déi net matgemaach huet, krute se de Kapp ageschloen. Déi 7 Kräizzich an d'Eruewerung vu Jerusalem am de Laf vun de Joren, solle Millioune Mënschen d'Liewe kascht hunn.

D'Kierch am zweete Weltkrich ass och en décke Sujet, dëst ënnert anerem well déi kathoulesch Bëscheef an Däitschland sech an den 1930er- a 40er-Jore matschëlleg gemaach hätten, well se dem Krich keen eendeitegen Nee entgéint gestallt hunn.

Et gi sécher nach negativ Beispiller, dofir egal ob elo laang hier oder rezent geschitt, ech kommen zu mengem Schluss: Glawen an Institutioune si schwéier ze vereenegen, well et eng Komponent gëtt, déi alles aus dem Gläichgewiicht bréngt, an dat ass de Mënsch. D'Iddie vun enger idealer Welt hei an där dono, wat jo ee vun den Haaptmessagen ass, kënnen nach esou schéi sinn, si scheiteren awer ëmmer, well de Mënsch net ze kontrolléieren ass. Och déi Mënschen an der Kierch net.