Lues a lues gëtt et éischter däischter an haut a 14 Deeg dann nach méi séier, wann d’Auer bis geréckelt ass. Dann heescht et mat der Däischtert, den naassen a glate Stroossen, duebel an 3-fach am Verkéier oppassen, do wou och elo scho genuch Gefore laueren.

Apropos vum Camille Ney: Stroossecowboyen

Fest a mobil Radare, Streckeradaren, Rout-Luucht-Radaren… eis Verkéierspolitik setzt Handbremse, wou se nëmme kann, fir den Automobilist zur Vernonft ze bréngen an d’Zill vum Gas ze huelen. Op een dat elo gutt fënnt oder net – wien huet sech schonn iwwer e Protokoll gefreet - et kann ee verstoe, wat derhannert stécht: eis Welt e Stéck méi sécher ze maachen, och wann d’Zil net ganz erreecht schéngt, wat déi sëllegen déidlech Accidenter aus de leschte Woche weisen. Ouni ze wësse, wat déi genee Grënn fir des Affer waren, esou schéngt et mir evident ze sinn, dass nieft Vitesse, Alkohol, Drogen oder Middegkeet een aneren ëmmer méi zouhëlt: den Handy. Kommt mir ginn et roueg zou: mir sinn all süchteg no deem klengen Apparat a mengen all Sekonn mir géifen ee Like oder ee Message verpassen. Déi Sekonn, déi eis an aneren d’Liewe ka kaschten. Hei gëllt et also ganz kloer, dass jiddereen u sech selwer schafft fir des Ofhängegkeet, grad am Auto, an de Grëff ze kréien. Et wäert deemno och net méi laang dauere, bis Handy-Radaren zu eisem Alldag gehéieren.

Bis et esou wäit ass, géif ech awer dann op dëser Plaz nach e puer aner Froen opwerfen, déi, wéi et schéngt, net um Radar sinn, grad elo, wou d’Deeg méi kuerz ginn. Am Feierowendtrafic ass de Stau jo virprogramméiert. Wat mécht een am Stau – richteg – eng Rettungsgaass! A wien duerf duerch eng Rettungsgaass? Richteg: den Ofschleefcamion, Ambulanz a Police! A wie kënnt do nach esou gefuer? Ech nennen se elo emol „Stroossecowboyen“ op hire Motorrieder, heiansdo mat 4 Winkeren, meeschtens ouni. Si soen deene mam Stiwwel oder mat der Händsch frëndlech Merci, déi besonnesch vill Plaz maachen. Jo, ech héieren elo schonn all d’Motorradsfuerer, déi mir virgeheien, op ech soss näischt ze knouteren hätt, mee ech wier gär beim Prozess derbäi, wou een Automobilist, deen um Handy gekniwwelt huet, ee Motorradsfuerer op d’Schëpp geholl huet, deen duerch d’Rettungsgaass geblose koum. Wien huet do méi Schold oder hieft déi eng, déi aner op?

An d’selwecht froen ech mech, op déi wäiss Bus-Luuchten – wéi nennt een déi iwwerhaapt? – net därselwechter Logik entsprieche, wéi déi rout, orange a gréng? Gefillt kinnt een all Dag eng Foto maachen – wat ee jo awer am Auto net mécht – vun engem Bus, dee poulriicht duerch busrout, also dee schife, wäisse Stréch fiert. Ginn et do och Radaren? Onnëtz ze soen, dass dee potentiellen Accident mat deene sëllege Benotzer vum ëffentlechen Transport nach vill méi schwéier Konsequenzen hätt! Ech hunn nach kee Bus gesinn, um Bord vun der Strooss stoen, deen d’Police ugehal hätt, well hien duerch wäiss gefuer ass. An d’Kontrolle vu Vëlosfuerer an deenen Elektromobillen halen sech gefillt och a Grenzen. Déi fuere souzesoen ënnert dem Radar. An e Radar fir deen, dee vum Trottoir queesch eriwwer duerch rout oder wäiss einfach duerch fiert, mécht jo nëmmen da Sënn, wann déi Gefierer Immatrikulatiounsplacken hätten. Esou sinn et anonym „Hors-la-loi“, fir en gendergerecht Wuert ze huelen, deem de Cowboy net gerecht gëtt! Et dauert wuel nach bis 2050 bis et Radare ginn, déi mat Gesiichtserkennung oder GPS-Tracking fonctionéieren. Well dass mënschlech Wiesen dat maache schéngt onméiglech, wou mir elo schonn net genuch Leit fannen, déi op de Leit hier Sécherheet oppassen. Selwecht Rechter, selwecht Flichten: sou oder sou muss an deem Beräich dringend legiferéiert ginn – well och wann een zum Beispill kommerziell elektresch Trottinette verbitt, maachen se dach d’Bild vun der Stad mat aus, esou wéi dat international schonn de Fall ass.

Mee vläicht maachen ech mir jo och Suerge fir näischt, well bei deenen Energiepräisser ka geschwë souwisou kee sech méi e motoriséiert Gefier leeschten an da maache mir et ewéi fréier: mir ginn zu Fouss oder mir bleiwen doheem a kucken de Cowboyen, pardon, de Spaghettiwestern op der Tëlee no…