"Dat ass meng Meenung an dobäi bleiwen ech!" dee Saz héiert ee jo méi dacks. Mä et geet och anescht, mengt d'Bea Kneip am Apropos vun haut.

Apropos: Seng Meenung änneren

"Meenung", dat ass esou eng Saach. Carte Blanchen, Lieserbréiwer an och dësen Apropos fënnt ee jo op RTL.lu ënnert der Iwwerschrëft "Meenung" , an et muss natierlech net all Mënsch mat allem averstane sinn. Wien dat net ass, dee kann dat och soen, dofir gëtt et extra eng Kommentar-Fonktioun. Ënnerschiddlecher Meenung sinn, an doriwwer och diskutéieren, dat ass jo duerchaus eppes Positives. Soulaang et net ausaart, d'Leit sech Frechheeten un de Kapp geheien a sech am schlëmmste Fall verbal un d'Guergel ginn. Dat gouf et alles schonn, et brauch ee just eng Kéier d'Kommentaren op de sozialen Netzwierker ze liesen. Och wann d'Thema villäicht emol net weltbewegend ass, gestridden gëtt vill a gären. Wie bei senger Meenung bleift, deen ass konsequent, dee weess wat e wëll, op de kann een sech verloossen. A wien haut esou seet a muer anescht, deem kann een net trauen, deen dréint säi Fändelche mam Wand, do weess ee jo ni wou ee mat em drun ass!  Mä villäicht sollt een dat net esou enk gesinn.

Eng Meenung kann een och emol änneren, an dofir kënnen et gutt Grënn ginn. Nei Amenter, zum Beispill, oder e konstruktivt Gespréich bei deem een dem Géigeniwwer säi Standpunkt op eemol besser versteet. Oder et gëtt engem kloer, dass een net genuch iwwert en Thema weess fir sech eng Meenung kënnen ze maachen, an et mécht een sech einfach emol schlau! Dat ass keng Schan, ganz am Géigendeel. Op Däiwel komm eraus op sengem Standpunkt ze bleiwen, a léiwer mam Kapp duerch d'Mauer ze goen wéi zouzeginn, dass een Onrecht hat, dat ass scho méi problematesch. 
An awer tendéiere mir jo alleguer e bëssen dozou stur ze bleiwen, et wëll ee sech jo keng Bléisst ginn, wou kéim een dann do hin! Seng Meenung änneren, dat heescht also och ëmmer säi Stolz hannenun ze stellen. Net ganz einfach, mä heiansdo lount et sech!