No de laange Méint vun Immobilitéit an Distanz gëtt et elo nees Beweegung, et geet virun. Deelweis ass dat jo och gutt esou an et kann een opootmen. Mä et feelt eis och esou munches a vun Verschiddenem hu mer ze vill. D'Christiane Kremer mécht sech am Apropos vun haut doriwwer Gedanken.

31/10/2021 Apropos "Wat mer hunn a net hunn, wat mer brauch

De Weltraum, Onendlech Wäiten ... Mir schreiwen d'Joer 2021, de Captain Kirk vum legendäre Raumschëff Enterprise flitt an de Weltraum, 179 Joer éischter wéi an der Serie Star Trek virgesinn. Mä e flitt, als eelste Mënsch iwwerhaapt. De William Shatner gëtt no uewe gebeamt, net vum Scotty, mä vum Jeff Bezos. Dat dauert grad emol 10 Minutten an dann huet en nees Buedem ënnert de Féiss. Eng schéi Geschicht? Obwuel. Eigentlech géing ee jo am léifsten dem Amazon-Chef d'Oueren sou laang wéi déi vum Mister Spock zéien an e froen, wat dat soll. Elo an Zäiten, wou zu Glasgow déi Mächteg vun der Welt d'Käpp zesummestrécken, fir de Klimawandel ze diskutéieren, maachen déi Räich vun dëser Welt décken Damp an der Loft an dreeme vun onendleche Welten, wou se dann nach vläicht kënne Päck oder Autoe liwweren. Ob mer dat wierklech brauchen? Och wann ee sécher net soll géint nei Iddien oder Fortschrëtt sinn an och wa mer scho laang gewise kruten, datt Science-Fiction vu gëschter d'Realitéit vun haut ka sinn. Woubäi ze hoffe bleift, datt sech näischt als Dystopie weiderentwéckelt.

Mä amplaz no vir an no uewen ze kucken, kucke mer den Ament emol an de Portmonni. E gëtt strapazéiert: Energie-Präisser fléien esou héich wéi de Captain Kirk an dat wuel net just fir 10 Minutten. Wat bréngt de Wanter, wann nees méi gehëtzt muss ginn a wann déi alternativ Methoden net kënnen dat bréngen, wat mer brauchen, an aner Rohstoffer éischter an aner Länner verkaaft ginn? Wéi Holz zum Beispill. Dorausser mécht ee jo och Pabeier, an dee gëtt nach méi rar, well es net vill recycléiert ginn ass an der Pandemie.  Deen, deen am meeschte gebraucht a gebunkert gouf, war op Rulloen, mir erënneren eis un eidel Regaler an de Supermarchéen. An als Kartong fir Online-Commanden dorëmmer ze schécken.

Woubäi mer elo iergendwéi nees um Ufank vun dëser Geschicht sinn: Onendlech Wäiten ... awer keng onendlech Ressourcen. Hoffentlech ass dee Message op d'mannst zu Glasgow ze verstoen.