An Amerika ass haut de « Zero Tasking Day ». Den Dag vum Näischtmaachen. En Dag, wou een einfach do sëtzt , an ofschalt. Erëm zou sech selwer fënnt. Firwat iwwerhuele mir dat net aus den USA? Aplaz dee Kabes vun Halloween, mengt de Guy Seyler am Apropos vun haut:

07/11/2021 Apropos vum Guy Seyler Kee Stress um Weekend

Wat war dat e Stress de leschte Weekend. Fir d’éischt gouf d’Auer ëmgestallt. Du war Halloween. Duerno koum Allerhellegen an Allerséilen.

Dat misst net sinn.

2018 hu bei enger Ëmfro 84% vun den EU- Bierger sech fir d’Ofschafe vun der Zäitëmstellung ausgeschwat. „D’Leit wëllen dat, also maache mir dat“ sot deemools de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker. Well déi eenzel Staaten sech net eens ginn, ob dann elo d’Summerzäit oder éischter d’Wanterzäit gëlle soll, geschitt näischt.

Op Halloween kann ech och verzichten. Dës Grujel- an Hexemoud – ursprénglech an Irland doheem - zielt fir mech zu deem Dommsten, wat mir jee aus Amerika iwwerholl hunn. Wa – wéi esou dacks – mat dësem Blödsinn net vill Goss ze verdénge wier, da wier Halloween och virun 30 Joer doiwwer bliwwen.

1991 ass wéinst dem Irak Krich an Däitschland d’Fuesend ausgefall. Wouhin elo mat de Fueskostümer? Do koum  Halloween als Alternativ grad giedeleg. 700.000 Horror-Kostümer ginn all Joer an Däitschland verkaaft. Am Ganze bréngt dat Fest en Ëmsaz vun 30 Milliounen Euro.

Wat ass mat Allerhellegen? An der kathoulescher Kierch ginn et mëttlerweil esouvill Helleger, datt mir se anonym op engem Dag feiere mussen.

De Poopst Jean-Paul II. huet 482 Mënschen helleg gesprach. De Poopst Franziskus huet an engem Dag 800 Leit zu Hellege gemaach. Et ass eng richteg Inflatioun vun Hellegen. Mat der Kunigunde, der Duechter vum Grof Siegfried hu mir och zanter dem Joer 1100 eng Helleg.

Wéini ass een dann helleg? Duerfir misst ee jo e Mënsch ouni Feeler sinn. Esou een hunn ech nach net begéint. Esou guer d’Mutter Theresa wier net grad esou helleg gewiescht wéi gesot, behaapten 3 kanadesch Wëssenschaftler.

Mat Allerséilen, jo do kann ech schonn eppes ufänken. Do denken ech un déi Matmëschen, déi mir no stoungen, an déi dës Welt scho verlooss hunn. Ma deen Dag ass guer kee Feierdag.