Et muss een elo kee grousse Kenner vu Filmer sinn, fir eisen Apropos ze lauschteren an en och ze verstoen. D'Marie Gales hëlt Iech elo mat an de Welt vun de beweegte Biller.

14/11/2021 Apropos: Leider kee Film

Science-Fiction ass menges; Filmer, déi an der Zukunft spillen. Dës, mat oder ouni Ausserierdescher sinn dacks düster a weise keng schéin Zukunft. Firwat ech ëmmer do nees ugezu sinn, keng Anung!

Beispill vun esou engem Film aus der Zukunft: Contagion; datt dëse Film iwwert eng Pandemie esou séier Wierklechkeet géif ginn, duecht ech viru Joren als Laien net. Och wann d'WHO ëmmer nees viru Risike vun Epidemie gewarnt hat, hunn ech dat net richteg matkritt. An dësem Film ass de Virus immens déidlech an d'Leit brénge een den aneren ëm fir un de Vaccin ze kommen, dee rar ass.

En anere Film, deen ech deslescht nees gekuckt hunn, I am Legend. Do hunn de Will Smith a säin Hond d'Follge vun der Mutatioun vun engem Vaccin iwwerlieft. De Vaccin géint Kriibs huet d'Mënschen an Zombie verwandelt an déi hunn d'Net-Zombien, also d'Mënschen ëmbruecht.

Sou komme mir zréck an d'richtegt Liewen, ech konstatéieren: Méi wéi 3 Milliarde Mënsche si bis elo weltwäit komplett geimpft a bis elo hätt sech och nach keen an en Zombie verwandelt. Allerdéngs muss ech soen, datt ech ëmmer méi elle Geschichte vu Mënschen héieren, déi sech an d'Reie vu Coronaleugner, Verschwörungstheoretiker a wat der Däiwel et nach gëtt, areien.

En erwuessene Mann, deen e Student op der Tankstell erschéisst, well deen op déi sanitär Reegelen an enger Pandemie opmierksam gemaach huet, e Passagéier, deen eng Stewardess wéinst dem selwechte Grond an d'Gesiicht schléit. Doudesmenace gi geschriwwe géint Politiker a Gesondheetspersonal. Et protestéiert ee mam Rietsradikalen a soss däischtere Gesellen a faselt vun enger Diktatur, just well et engem net an de Kromm passt, datt do e Virus ass a wou gehandelt muss ginn, well dee bis elo awer 5 Millioune Mënschen d'Liewe kascht huet. Politesch Institutioune a Presseorganer gi gestiermt, Covid-Check Passe gi gefälscht, well ee mengt et wier ee méi gescheit wéi déi aner an et zitt een absurd Vergläicher mat Affer aus dem National-Sozialismus. Wat sozialmedial ofgeet, dovunner schwätze ech mol net.

Dat ass kee Science-Fiction, mä schrecklech Realitéit vun enger onfaassbarer Ignoranz, déi ee sprachlos mécht.

Dat kéint natierlech e Grond sinn, firwat ech léiwer Science-Fiction Filmer kucken.