Dëse Weekend si jo d’Walfer Bicherdeeg, nach ëmmer an engem spezielle Kontext, deem där sanitärer Kris muss Rechnung droen. D’Kanner stinn am Mëttelpunkt vun deem Covid-Check-Event an hinnen huet de Camille Ney dann och eng Geschicht geschriwwen...

Apropos vum Camille Ney: Et wor emol

Léif Kanner, léif Jugendlech: et wor emol eng Zäit, vun där Dir vläicht nach net héieren hutt, an där mir, Är Elteren, esou richteg d’Sau eraus gelooss hunn! Jo, et ass vläicht heiansdo kaum ze gleewen, mee mir Langweiler, déi Iech meeschtens sucken, waren och emol eng Kéier esou wéi Dir. Am Fong emol guer net esou vill anescht! Deemools ware mir net Freides mëttes an och net owes ganz a wäiss ënnerwee, mee: de ganze Weekend, an ëmmer bis moies fréi! Freides owes hate mir no de leckeren Chicken Nuggets aus dem Wimpy, dem beschte Burger ever beim Yvonne am Ems, dem gudde Film am Ciné Cité, Yank, Eldorado, Europe, Victory oder Marivaux, Rendez-vous am Oldie, um bloen Eck, am Bécklék, am Bogart’s, am Tivoli oder wéi déi Plazen alleguer geheescht hunn an um 22.00 Auer waren d’Bud an d’Danzpist voll! Samsdes owes goung et du weider beim Fausti, den Challengers, Fascination, Airline, de Baby Cham’s oder de Players an ech vergiessen der eng ganz Rei, déi eis musikalesch vill Freed gemaach hunn an derfir gesuergt hunn, dass mir eis Flemm a Roserei iwwer eis Elteren aus der Woch konnten eraus schweessen. Vun uewe gouf ëmmer nees nogefëllt an Tinder huet deemools Bamba geheescht. E Krees vu jonke Leit, mat aneren an der Mëtt, a si hunn all gehofft, dass d’Musek ni eriwwer wier. Et gouf nach keen Handy oder Snapchat an duerfir waren eis Elteren ëmmer erléist, wa si eis Nuets héieren hunn erakommen oder Moies am Bett mat Ënnenzopp, Panaché, Cola-Wäin an Gin-Orange am Mo héieren hu schnaarchen. A wa mer Sonndes nach Loscht haten, da si mir mam Zuch op Blankenberge op d’Plage oder mam Vëlo op Arel eng Fritt iesse gefuer.

Firwat zielen ech Iech dat alles? Bestëmmt net fir Iech d’Zong laang ze maachen, mee fir Iech ze soen, wéi eis Eltere grad d’Häerz blutt, dass Dir dat net kënnt erliewen! Mir vergonnen Iech näischt méi, wéi dass Dir och nees kënnt eraus goen, Är Jugend liewen, och wa mir grad esou onroueg wäerte sinn, ewéi eis Elteren dat du scho waren, bis Dir dann nees, vläicht e bëssen ugeschlo, mee soss gesond a monter doheem sidd! Apropos: léif Veräiner, loosst Iech vun der Pandemie nët ënner kréien an esoubal mir, hoffentlech geschwënn, derduerch sinn: organiséiert eiser Jugend hir Eventer, fir dass si déi verlueren Zäit kënnen nohuelen. An deenen, déi an der politescher Verantwortung stinn, géif ech roden: sponsert déi Eventer, am Beschten och direkt mam passende gratis Night-Life-Bus fir heem – dat wier nëmme konsequent, wa mir schonn den ëffentlechen Transport gratis maachen an d’Sécurité Routière géif sech bestëmmt och freeën! Da schlofen d’Eltere gutt, an eis Kanner kënnen och emol nees eng Kéier d’Sau eraus loossen an och wann eis Kanner sech dat net esou richteg kënne virstellen: sot elo net, Dir hätt dat net gemaach an et hätt net gutt gedo!

PS: Passend zu dësem Apropos recommandéiere mir Iech iwwregens och den aktuelle Penny-Publicitéitsspot op YouTube

! Bei deem sinn deem engen oder anere schonn e puer Tréine komm...