Kee Buschtaf ass den Ament esou am deegleche Sproochgebrauch, wéi dee siwwenten an der Rei: de G. An deen huet et awer och a sech. D'Christiane Kremer zerwéiert am Apropos haut eng Buschtawenzopp.

05/12/2021 Apropos "Dee 7. am Alphabet"

E war schonn ëmmer e bëssi en eegene Gesell: de G. D'Réimer hunn en am 3 Joerhonnert viru Christus agefouert. Engem Réimer, deem de Buschstaf op der siwwenter Plaz, am latengeschen Alphabet net gefall huet, huet dofir den Z emol einfach eliminéiert. E bëssi méi spéit huet de Spurius Carvilius Ruga, deen eng Sproochschoul gegrënnt hat, decidéiert en neie Buschtaf anzeféieren, deen an der Aussprooch tëscht K an C gepasst huet: De G.
An zënterhier huet e schonn deem engen oder anere Kappzerbieches gemaach. Wéi schreift een en a vrun allem wéi schwätzt een en aus? Am franséischen, am däitschen, am engleschen, am spueneschen, am holläneschen, am portugiseschen, am lëtzebuergeschen asw.- virun enger Voyelle oder engem Konsonant - J oder G oder Ch - oder gëtt e guer net betount ausgeschwat? Neen, keng Angscht, ech wollt elo hei kee Sproochecours halen. Et ass just, datt dee Buschtaf G do, einfach eléng fir sech, eis Aktualitéit nach ëmmer gepräägt huet. .

Wann et Eeschtes oder Wirtschafleches ze bechwätze gëtt, da kommen d'G20 Staaten zesummen. Oder am klenge Krees d'G7 - déi awer och heiansdo d'G8 sinn. Awer nëmmen, wann deen ee Partner och wierklech erwënscht ass. An am Fong sinn et der nach méi, well déi ganz EU - fréier EG - jo och vertrueden ass.
Nach vru Jore hu mer eis iwwer 3G oder 4G fir eist Handynetz gefreet, beim 5G sinn d'Diskussioune an d'Ängscht aktuell éischter méi grouss.

An dann natierlech, dat wat elo eist alldeeglecht Thema ass: 3G oder 2G? Zu wéi engem Grupp gehéiere mer a wéi een ass deen, dee mer brauchen fir deem Virus endlech lass ze ginn oder en op d'mannst emol an den Eck ze drécken?
A wann ee mat dem Buschtawespill dann amgaangen ass, da falen engem natierlech ëmmer Wierder an, déi mat G ufänken: Gefill, Gefor, Gau, Gender ... ëmmer nees Wierder, déi Diskussiounen ausléise kënnen.
Vläicht kléngt dat och alles e bëssi Gaga an ech wëll den aarme Buschtaf G lo net weider strapazéieren. Dofir halen ech elo einfach op mam G. Punkt!

An domadder si mer da schonn nees bei engem Reiz-Thema.