Toleranz ass wann ee seng Matbierger mat Respekt behandelt, och wann déi anescht sinn, oder anescht denken. Jidderee soll een esou acceptéieren, wéi en ass. Hautfaarf, Geschlecht, Originnen a Relioun spillen do keng Roll. Wa mir friddlech zesumme liewen wëllen, dann ass Toleranz eng wichteg Viraussetzung, Mee Toleranz huet awer och hier Grenzen, mengt de Guy Seyler am Apropos vun haut:

12/12/2021 Apropos Toleranz

Dir hutt Recht, wann dir sot, esou kuerz viru Chrëschtdag géifen et aner Theme ginn wéi iwwer Toleranz ze schwätzen. Ech hat dat och wëlles. Eigentlech wollt ech hei meng Wënsch a meng Hoffnungen ënner de Beemche leeën. Mee du hunn ech en Zeitungsartikel gelies, dee mech opgereegt huet.

D’EU-Kommissioun huet an engem internen Dokument hier Mataarbechter opgefuerdert, net ze vill vu „Chrëschtfeier“ a „Chrëschtfest“ ze schwätzen. „Chrëschtzäit“ sollen si besser duerch dat Wuert „Vakanz“ ersetzen. Op biblesch Nimm wéi „Maria a Jousef “ sollen si och verzichten. Schliisslech wier net jidderee Chrëscht a géif déi chrëschtlech Fester feieren. Duerfir misst een d’Sprooch „diskriminéierungsfräi“ halen.

Ech hu fir d’éischt gemengt, ech géif de Postillon liesen. Mee nee: et stoung an Däitschen, Eisträicheschen an och Schwäizer Zeitungen. An eréischt wéi vun alle Säite massiv Kritik koum, huet d‘EU -Kommissärin fir Gläichstellung Helena Dalli zréckgeruddert.

Wat soll dat? Soll ech elo tolerant sinn mat den Intoleranten?

Viru Joren hat e Schüler mat Ost - europäeschen Originnen mir gesot, all Homosexuelle misst an de Prisong kommen. Toleranz ass net ugebuer, Toleranz muss ee léieren.

Perséinlech sinn ech der Meenung, datt déi eenzeg Alternativ zu Corona eng Impfung ass. Ech streiden awer net mat engem, deen sech do dergéint wiert. Wann allerdéngs esou Impfgéigner virun d’privat Wunneng vu Politiker bierelen a brëlle ginn, well si mengen, si wieren déi eenzeg Richteg, all déi aner sinn domm, dann däerf een net méi nokucken.

Do ass jo e Volleksvertrieder, dee seet, hie géif elo a Süd-Afrika fueren an déi nei Mutatioun vum Virus mat op Lëtzebuerg bréngen. Quasi als Chrëschtcadeau. Dat ass eng Frechheet fir all déi, déi wochelaang mat där Krankheet gekämpft hunn, an net wossten, ob se géifen iwwerliewen.

An och fir déi, déi an de Klinicken alles ginn, fir dem Virus meeschter ze ginn.

Et ass e Schlag an d’Gesiicht géint all déi, déi eng léif Persoun duerch de Virus verluer hunn.

Wat de leschte Weekend verschidde selwer ernannte „Fräiheetskämpfer“ sech geleescht hunn, soll een als Warnung verstoen.

Et geet elo duer. Toleranz huet hier Grenzen. Soss trëfft op eemol dat zou, wat als Horrorvisioun am Internet zirkuléiert:

„D’Toleranz kënnt eng Kéier op engem Niveau un, wou den intelligente Leit d’Denke verbuede gëtt, fir d’Idioten net ze beleidegen.“