Et gëtt een der ganzer Saach ëmmer méi midd, Corona hei a Corona do. Nach e bëssi, an dann dauert déi Pandemie schonn 2 Joer. An dann déi onendlech Diskussiounen an elo dann och nach Demonstratiounen, déi zu näischt féieren. D'Marie Gales huet sech doriwwer seng Gedanke gemaach.

Apropos: Ëm d'Impfe geet et scho laang net méi!

Mir ass opgefall, datt eng Partie Net-Geimpfter e groussen Drang hu sech musse matzedeele firwat si sech net impfe loossen an dann och erkläre wëlle wat et mat dëser Pandemie wierklech op sech huet. Wierklech ermiddend, wa Laien engem d'Seeche vun der rouder Geess wëlle verzielen!
Déi schreiwen och sou vill an iwwerall, grad sou ustrengend!
Jo muss ee jo net liesen oder lauschteren, denkt Dir sécher. Richteg, dat maachen ech dacks net, nun a mengem Beruff kënnt een alt net derlaanscht an ech erkennen ëmmer méi e gemeinsamen Nenner. Wier et elo net d'Recommandatioun sech dach wgl impfen ze loossen, dat wier et eppes anescht wéinst wat sech opgereegt géif ginn.

Beispill: Wier elo net genuch Impfstoff do, stellt Iech mol dat Gebierels vir? Wat an ech kréien hei keng Impfung! Ech als fräie Bierger, deen ëmmer seng Steiere bezilt. A firwat mäin Noper dann eng? 
Anere Zenario: Jiddereen, dee Marie heescht, kritt de Vaccin Y. A fir all déi aner gëtt et de Vaccin X. D'Opreegung wier net auszedenken. Firwat all déi Marien, si mir net gutt genuch? Obwuel den X eventuell besser wier wéi den Y, wurscht Haaptsaach drop!
Elo ass et zu Lëtzebuerg an a villen industrialiséierten a räiche Länner esou, datt genuch Vaccin do an et kann ee sech gratis impfe goen. Hmmm, och net gutt. Wat mengen déi? Einfach elo impfe loossen, geet et dann? Matzen an enger Pandemie!

Egal wéi et elo wier, et sinn ëmmer Mënschen do, deenen näischt passt an deenen hir Zündschnouer immens kuerz ass. Dat gouf et viru Corona an gëtt et och duerno.

Ech kommen zu mengem Fazit: Wee sech net impfe léisst, léisst et stoen, wann een net erkenne wëll, wéi eescht et ass. Et dierf een awer net verwonnert sinn, wann een aarmséileg mat sengem Panneau do steet, wou Fräiheet drop gekritzelt gouf an d'Welt einfach weider dréint an där d'Majoritéit geimpft ass an ee selwer op der Streck bleift. Warscheinlech war dat och schonns de Probleem virun der Pandemie vun deene Mënschen an elo endlech gëtt een zur Kenntnis geholl, just well ee Widderstand mécht! Freet sech just, géint wat?

**Remark vum Marie Gales:
Och wann ech mäin Apropos iwwerspëtzen, wëll ech dëst nach bäifügen. Meng opriichteg Gedanke si bei all deene Mënschen, déi sech aus gesondheetleche Grënn net dierfen impfe loossen, wéi zum Beispill munch Leit mat rare Krankheeten. Ech schléissen och all déi Leit mat an, déi op dëser Welt keng Chance kréien un e Vaccin ze kommen an deem Virus carrement ausgeliwwert bleiwen. Mäin déifstent Matgefill geet un all déi, déi e léiwe Mënsch duerch dës Pandemie verluer hunn an gedenken deenen, déi duerch de Virus gestuerwe sinn an all déi, déi duerch dëse Virus esou gezeechent sinn an hiert Liewe laang krank bleiwen. An nieft den alen a vulnerabele Matmënschen, déi virum dësem Virus onbedéngt geschützt musse ginn, gëllt mäin allergréisste Gedanken jiddwer jonkem Mënsch, dee Jore vu sengem Liewe geklaut krut, vu senger Jugend oder Kandheet an déi ni méi esou erëmkommen. D'Impfen ass déi eenzeg Méiglechkeet, fir datt mir dee Viraus esou séier wéi méiglech agedämmt kréien!