Dass d’Pandemie eis Welt verännert huet, doru besteet keen Zweiwel. Et geet ee méi op Distanz ee vun deem aneren, mee dat kann och deem engen oder aneren duerchaus gefale, mengt de Camille Ney...

Apropos: Gëff mir eng Bees

An eiser Jugend war eng Bamba den Highlight vum Owend op engem Bal, wou een am grousse Krees gehofft huet gekësst ze ginn an duerno kënnen ze këssen. Et huet ee gehofft, den Orchester géif am Beschten ni ophale mat Spillen! Den Nodeel bei deem ganze war, dass een och vun deene gekësst gouf, vun deenen een dat net onbedéngt wollt. Dat selwecht gëllt fir den Dag no Neijoerschdag, wou sech der vill viru Corona drop gefreet hunn, op de Büro ze goen fir endlech nees de ganze Service ze këssen! Op se wollten oder net, deen Dag konnt keen nee soen, och wann der bestëmmt vill derbäi waren, déi sech dowéinst am léifste Congé geholl hätten! Bei den Neijoerschreceptiounen an dem Pot du Président ass dëser Deeg de Sécherheetsofstand eng Selbstverständlechkeet an et brauch een a sech keng Angscht ze hu gekësst ze ginn – e Maskekuss gesäit einfach nëmmen topeg aus an et war och nach ni esou einfach, ewéi an dësen Zäiten, d’Kësse mam Hannergrond vun der Pandemie quarément ze refuséieren. Dat selwecht gëllt fir Leit mat schweessegen Hänn, bei deenen ee virun 2 Joer nach kee Grond hat, fir d’Pout net ze drécken an duerno séier d’Hänn wäschen ze goen. Guer net ze schwätze vun deene Ramboen, déi Dir beim Handshake bal d’Hand gebrach hu vu Begeeschterung dech erëm ze gesinn!

Fréier war den zeremoniellen Handkuss e gesellschaftlecht oder reliéist Zeeche vu Respekt, Ënnerwerfung a Léift – deen ass net nëmme gréisstendeels aus der Moud komm, mee och a Pandemie-Zäiten mat Hand a Mond sécher en No-Go!

An der Politik huet de Kuss jo och eng laang Traditioun: vum sozialistesche Brudderkuss vu Breschnew an Honecker bis zum zelebréiere vum politesche Kuss „à la Jean-Claude Juncker“, deem sech kee konnt entzéien a fir de Fall, wou dat engem net gefall huet, gouf et direkt nach eng op de Bak hannendrop. Fir verschidde Lëtzebuerger Studenten op belschen Unien war et bestëmmt och am Ufank en Trauma wa Männer sech gekësst hu fir Moien ze soen. De Kuss ass also eppes, wat verbënnt, e Geste, dee Léift, Wäermt a Sympathie ausdréckt, mee op där anerer Säit och op Géigesäitegkeet muss berouen. An elo schwätze mir hei jo net vum Judaskuss oder Mafia-Doudeskuss, mee just vun engem Geste, dee vun där enger Säit gutt gemengt ass, mee op där anerer vläicht net esou ukennt oder gewënscht ass.

Et ass also näischt esou schlecht, dass net eppes Guddes drun ass: an Zukunft wäert sécher manner gekusst ginn. Corona huet eng Art Schutzhüll geschaf, déi sécher och deene Leit zu Paass kënnt, déi bewosst kengem esou no wollte kommen. E Loftkuss oder eng Ëmäerblung ouni Kuss mécht et jo och schonn an huet dacks nach méi eng staark Symbolik a Wierkung, am Stil vun den amerikanesche „free hugs“. Vläicht ass et jo fir d’Zukunft e gudde Rot fir eis all: un der Kierpersprooch erkennt een dacks wie wëll oder net wëll gekësst ginn. Ouni dobäi déi Wäermt ze verléieren, déi eist Klima ze vill huet an eiser Gesellschaft ëmmer méi schéngt ze feelen.

Den Dicks war 1855 also senger Zäit viraus wéi e säi Lidd geschriwwen huet: „Gëff mir eng Bees, gëff mir eng Bees fir mat op d’Rees, nee, nee, nee eng Bees kritt keen!“, och wann dat bestëmmt näischt mat enger eventueller spéiderer Pandemie ze dinn hat.