Et muss net ëmmer eng Dramvakanz, en neien Auto oder e Lottogewënn sinn...heiansdo sinn et grad déi kleng Saachen déi wichteg sinn, mengt d'Bea Kneip am Apropos vun haut.

Apropos: Déi kleng Saachen

Et huet een et net ëmmer einfach…an Zäite vu Pandemie, Gestreids op de Stroossen a soziale Medien an der allgemenger Onsécherheet an der mir liewen. Vill Leit hu missten hir Hoffnungen an Dreem op e spéideren Zäitpunkt verréckelen, an dann nach eng Kéier verréckelen, nëmme just fir se dann alt nees ze verréckelen. Sou ass et nun emol am Liewen, Dreem hu meeschtens Verspéidung, Katastrofen dergéint sinn ëmmer pünktlech. Et ass fir d’Mippercher ze kréien, de Courage ze verléieren an aus der Këscht ze sprangen. Just, wouhinner soll ee sprangen? Well mer eis nun emol net wéi am Star Trek, einfach ewechbeame loosse kënnen, musse mer wuel oder iwwel an dëser Welt eens ginn…an dat Bescht doraus maachen. Do hëlleft et wann een sech bewosst mécht wat am eegene Liewen guer net esou schlecht, oder villäicht esouguer richteg schéin ass. Déi kleng Saachen am Alldag déi kënne Freed maachen, e schéint Lidd, e gutt Stéck Kuch oder d’Perfektioun vun enger eenzelner Blumm. Dat kléngt no ganz wéineg, zemol wann ee seriö Problemer huet, wa villäicht e léiwe Mënsch schwéier krank oder verstuerwen ass, a wann ee mengt et hätt ee guer kee Recht dorop fir glécklech ze sinn. Esou kleng sonneg Amenter léisen natierlech keng Problemer, mä heiansdo brauch een se, fir kënne weiderzemaachen, ee Fouss virun deen aneren ze setzen, a sengem Zil méi no ze kommen. An och fir net de Glaawen un d’Mënschheet ze verléieren. Kaum ze gleewen, dass déiselwecht Spezies, déi sech fir näischt an nach eng Kéier näischt géigesäiteg un d’Guergel geet, an  déi iwwerall hiren Dreck leie léisst, op der anerer Säit sou vill Schéines schafe kann. Konscht, Musek, Literatur, Gastronomie, am Fong gëtt et vill Schéines z’entdecken…a wa mir eis domat géife beschäftegen, hätte mir wahrscheinlech guer keng Zäit méi fir eis ze zerstreiden.