D'Zäite si méi wéi eescht. Zënter zwee Joer si mer souzesoen an engem deeglechen Ausnamezoustand. A wann och nach aner Theemen an der Aktualitéit a vläicht och am Privatliewe bedrécken an traureg maachen, bleift engem nach den Humor, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.

22/01/2022 Apropos: Humor an Zäite vum Eescht

"Der Mensch allein leidet so tief, dass er das Lachen erfinden musste", dat ass en Zitat vum däitsche Philosoph Friedrich Nietzsche, dee sécher net als groussen Humorist bekannt ass, mee éischter als Nihilist, dee villes, fir net ze soen alles a Fro gestallt huet. Vrun allem de Mënsch.
En anert Zitat: "Ech gi mech drun iwwer alles ze laachen, aus Angscht soss mussen driwwer ze kräischen", vum franséischen Auteur Beaumarchais oder méi e reezent "Wann den Humor stierft, dann ass dat fir mech d'Enn vun der Zivilisatioun" vum englesche Komiker a Monty-Python-Member Terry Gilliam, beleeën et: Laachen ass gesond. Et deet eis physesch a psychesch gutt: sou vill Muskele ginn agesat, sou vill Gléckshormoner ausgeschot.
Natierlech Humor ass eppes ganz perséinleches, net jidderee kann iwwer dat selwecht laachen. Wat eng Persoun lëschteg fënnt, ass fir eng aner just penibel. Wat déi eng als Opmonterung gesäit ass fir déi aner absolut deplacéiert. Net all Witz trëfft op déi selwecht Reaktioun. 
A wéi ass et mat Humor an Zäite vu batterem Eescht? Mir brauchen en, och wann en zu schwaarzem Humor oder Satir mutéiert. Sidd emol éierlech, wéi dacks huet Der an de leschten zwee Joer gelaacht iwwer déi "Memes", déi der geschéckt krut oder am Internet gesinn huet, wou mat e puer Wierder, Biller, Zeechnungen déi aktuell Situatioun op d'Schëpp geholl gëtt. Dës Memes sinn iergendwéi déi zäitgenëssesch Form vu Witz.
Mee grad esou gutt deet et, Mënschen ëm sech ze hunn, déi lëschteg a witzeg kënne sinn. A vrun allem och iwwer sech selwer laache kënnen. Fir nach en Zitat ze benotzen: "Déi schwéierst Turnübung ass et fir sech selwer op den Aarm ze huelen", sot de Kabarettist Werner Finck eemol.
An et ass en Trouscht e Mënsch och duerch säin Humor a schéiner Erënnerung ze behalen. Wéi de Mann, dee schonn als Bouf senger Mamm spontan op d'Fro firwat en dann ëmmer misst an all Pull sprangen, geäntwert huet: "Well meng Schong duuschtereg sinn!"