Virum Gesetz sinn all Mënsche gläich. Keen däerf bevirdeelegt oder benodeelegt ginn. Wat schwaarz op wäiss op Pabeier gedréckt ass, klappt iergendwéi am normale Liewen net esou richteg. Et ginn ëmmer nach Leit, déi Privileegien hunn, oder mengen ze hunn..fënnt de Guy Seyler a sengem Apropos.

Audio Apropos Besser Leit

Dat rezentste Beispill kënnt aus dem Tennis. Do huet d’Nummer 1 jo gemengt, déi strikt Corona-Reegelen an Australien wiere fir d’Normalbierger. Fir e VIP wéi hien géifen et selbstverständlech Ausname ginn.

1945 huet den George Orwell seng Fabel "Animal Farm” publizéiert. “All animals are equal” huet et ufanks geheescht. Mee scho kuerz drop gouf de Slogan ergänzt : “but some animals are more equal than others.”

Wéi et mat der Corona-Impfung ugaangen ass, du hu verschidde Leit sech ongenéiert virgedréckt. Arrogant, egoistesch, ouni Récksiicht op déi aner.
Dat sinn déi „besser Leit“ héiert een dacks. Zu deenen zielt sech och den englesche Premier Boris Johnson. Iwwerdeems dem engleschen Normalbierger en ultrastrenge Lockdown operluecht gi war, gouf op Downingstreet Nummer 10 Party gefeiert.Viru Joren war an Däitschland e Riseskandal, well Dokteren Krankendossieren esou manipuléiert haten, datt ausgewielte Patienten bei der Organtransplantatioun bevirdeelegt goufen. "Et gëtt Doudeger, déi - wann et gerecht zougaange wier - nach liewe kéinten. An et gi Leit, déi hunn eppes kritt, wat hinnen net zoustoung." Esou war deemools an der "Süddeutschen Zeitung" ze liesen.

Ëmmer méi dacks héiert een vu sexuellem Mëssbrach duerch berüümt Perséinlechkeeten. An dat limitéiert sech net op en Harvey Weinstein oder e Bill Cosby.
Ausgerechent dem President vum europäesche Rechnungshaff geheit déi franséisch Zeitung „Libération“ Mëssbrauch vu Sue vir.

Mir sëtzen all am selwechte Boot. Just déi eng fëschen, an déi aner rudderen.