Op d'Gëlle Fra eropklammen, d'Symbol zu Lëtzebuerg fir Fräiheet a Widderstand, den Davidstär mat enger Mask vergläichen an den Nazi-Sproch ''Arbeit macht frei'' mat ''Impfe mécht fräi'' a Relatioun bréngen. Op Demonstratiounen oder an de soziale Medie gesäit een där Vergläicher tëscht der momentaner Corona-Politik an der Politik am Nationalsozialismus ze dacks. Dem Marie Gales bereet dat vill Gedanken.

Apropos: Geschicht richteg erzielen

Wie sech net mat der Vergaangenheet beschäftegt, huet net de komplette Bléck fir an d'Zukunft ze kucken. Dat ass wichteg fir d'Zesummenhäng ze erkennen, ma et ass genee esou wichteg sech richteg mat der Geschicht auserneen ze setzen a sech net just e puer Deeler zesumme ze reimen an se esou ze interpretéiere wéi se engem am beschte gefalen oder an de Krom passen.

Wa Corona-Nazi op e Plakat gekritzelt gëtt oder een vun den Nürnberger Prozesse faselt, geet et virum allem ëm d'Provokatioun vun deenen Leit, déi net mat der Corona-Politik averstane sinn oder nach ëmmer net un d'Existenz vun engem Virus gleewen. Dës gesi sech gären als Affer vu Komplotter, sief et vun enger Regierung oder engem extreem räiche Mann. Immens einfach ass et da mat engem Hallefwëssen sech dann an der Roll vu Mënschen ze gesinn, déi géint e Regimm revoltéiert hunn, Beispill Sophie Scholl. Oder déi engem Regimm zum Affer gefall sinn, Beispill Anne Frank.

Allerdéngs op der anerer Säit steet do dann och d'Verharmlose vun engem barbareschen Deel vun der Geschicht am Raum. Eng Geschicht, déi nach bis an eis Zäit wierkt. Nach liewe Mënschen, déi d'Graue vun den Nazie materlieft hunn an a ville Famillen och zu Lëtzebuerg verlaangeren der nach no Mënschen, déi den zweete Weltkrich net iwwerliewe sollten.

70 Millioune Mënschen sinn am 2. Weltkrich gestuerwen, duerch e Regimm, deen een als onmënschlech bezeechne muss. Do schwätze mir vu Mënschen, déi geplangt hu Mënschen ëmzebréngen, well si zum Beispill eng aner Relioun haten, wéi déi vun den Nazien. Den 20. Januar waren iwwregens et 80 Joer, datt an enger Villa déi sougenannte Wannseekonferenz war, wou 15 Mënschen zesumme souze fir den Holocaust un de Judden ze koordinéieren. Méi wéi 6 Millioune Judde goufen ëmbruecht.

24 Millioune Russe si gestuerwen, well d'Nazie si an hirem Rassewan als ''Untermensch'' bezeechent hunn.

D'Anne Frank huet an engem Konzentratiounslager net iwwerlieft, well den Hitler keng Judde wollt um Liewe loossen an d'Sophie Scholl gouf higeriicht, well et d'Mënschen iwwert d'Grausamkeet vun dem Krich informéiere wollt.

Wien nach méi iwwert déi däitscher Zäit wësse wëll, deem recommandéieren ech d'Buch vum Benjamin Ferencz, deen den 11. Mäerz 102 Joer kritt, d'Graue vum 2. Weltkrich iwwerlieft huet, derbäi war wéi eng Rei Konzentratiounslagere befreit goufen a ee vun de Chef-Procureure bei den Nürnberger Prozesser war.