Muer ass Vältesdag – den Dag vun de Verléiften. D’Léift ka jo grad esou süchteg maache, wéi Drogen, Alkohol oder Tubak. Mee de Camille Ney huet festgestallt, dass hien nach vun eppes ganz anerem total ofhängeg ass…

Apropos: Ech si süchteg!

Virun 2 Wochen, Sonndes mëttes, huet et ee Moment grad emol eng Kéier net gereent an d’Sonn koum esouguer tëscht de Wolleken eraus! Mengem „inneren Schweinehund“ zum Trotz hunn ech d’Léngt geholl, de gudde waarme Mantel un a mam Hond virun d’Dir. Eraus an d’Frësch Loft! Control-Alt-Delete!

Ech war nach keng 300 Meter vum Haus ewech, Du leeft et mir kal de Réck erof! Ech hunn all Täsch ofgetaascht a mat Schrecke festgestallt: ech hat mäin Handy doheem leie gelooss! A poulriicht schéisst et mir an de Kapp fir d’Kéier ze maachen an e sichen ze goen, fir elo net eng oder zwou Stonnen am Bësch an um Feld komplett deconnectéiert vun der Welt doruechter ze lafen! Den Hond huet un der Léngt gezunn, ass e puer Meter viru mir gelaf, de Bléck no vir, bal esou wéi wann e wëllt soen, „Quetschen och!“ fir elo d’Kéier ze maachen!

A wéi ech mech mam Jo oder Nee beschäftegt hunn, kënnt mir quasi direkt hannendrop de Gedanken: „ma hues du se nach all?!“ Et ass Sonndeg, Du bass bei guddem Wieder an der frëscher Loft, hues fräi a kanns de Kapp emol eidel kréien a vläicht och nach e puer Gramm verléieren. A wat ech méi driwwer nogeduecht hunn, wat mir dee Gedanke vum Ëmdréinen ëmmer méi absurd virkomm ass an anengems hunn ech d’Feststellung misse maachen, déi net nei ass: „Du bass süchteg!“

Süchteg vun engem blöden elektreschen Apparat, deen der d’Gefill gëtt, erreechbar ze sinn an all Sak Räis, deen a China ëmfält, direkt gemellt ze kréien! Wéi hu mir dat fréier gemaach? Mir sinn op d’Sich gaang no 5 Frang an no enger Telefonskabinn a wa keng do war, da war ebe keng do, dann huet dat ebe misse waarden, grad esou wéi wann een am Gespréich ënnerbrach gouf, well ee keng Mënz méi hat, fir nozegeheien! Um Wee duerch de Bësch hunn ech kuerz nach méi en héije Bluttdrock kritt, wéi ech mir virgestallt hunn – wat wier dann elo, wann s Du elo hei op der Plaz en Häerz- oder en Hiereschlag géifs maachen – ouni Handy!

No enger Stonn hat ech du scho bal vergiess, dass ech e vergiess hat, awer nëmme bal, well mäi schlecht Gewëssen dunn awer eng Ofkierzung geholl huet, fir dann awer emol kucken ze goen, op näischt Wichteges geschitt wier. Doheem ukomm, knapps den Hond aus der Léngt, war dann och mäin éischte Wee bei den Apparat, deen trei wéi e Mupp op mech gewaart hat.

Iergendwéi ass mir e Stee vum Häerz gefall, wéi just 3 Push-Noriichten um Schierm stoungen – ech hat also näischt verpasst. Mee et hätt jo kinnte sinn! Déi nächste Kéier wäert mir dat op alle Fall net méi geschéien, et sief dann, Dir kennt e gudden Therapeut, dee mech an eng Kur schéckt a mir déi Sucht no deem klengen elektreschen Apparat ausdreift! Ech hoffen dann och, dass deen och eise Kanner kann hëllefen, well anschéngend ass dee Problem verierflech! Mol kucken, op ech haut ouni den Handy am Bësch sinn…