Wat alles geschéie kann, wann een aus Versinn op e Päiperléck trëppelt…domat beschäftegt sech d’Bea Kneip am Apropos vun haut.

Apropos: De Päiperléck an d'Konsequenzen

A senger Science-Fiction Kuerzgeschicht «A Sound of Thunder” aus dem Joer 1952 erzielt de Ray Bradbury vun engem Ausfluch an d’Epoch vun den Dinosaurier. Dës «Zäit- Safari» fonktionnéiert ënner strengen Oploen, et däerf näischt un der Vergaangenheet verännert ginn. Natierlech geet d’Saach schif. De Protagonist trëppelt op e Päiperléck a wéi en zeréck an d’Joer 2055 kënnt, muss e feststellen, dass déi englesch Sprooch sech verännert huet, an e faschisteschen Dikator un d’Rudder komm ass.  Kleng Uersaach, grouss Wierkung, dat erliewe mir jo dacks. Schëss zu Sarajevo, déi den éischte Weltkrich ausléisen, oder e Virus, deen sech, op wéi eng Manéier och ëmmer, iwwert d’ganz Welt ausbreet. Just dass et meeschtens net nëmmen eng eenzeg Uersaach fir eppes gëtt, an dass een net ëmmer kloer erkenne kann, wéi d’Evenementer zesummenhänken. Mä sou vill ass kloer, alles wat mir maachen huet iergend eng Konsequenz. Wann zum Beispill Klimaskeptiker behaapten, et géif jo keng Beweiser fir e mënschegemaachte Klimawandel ginn, da muss een sech froen, wéi et da kéint sinn, dass déi industriell Aktivitéit vu bal 8 Milliarde Mënschen keen Impakt op de Klima hätt… Awer och am Alldag treffe mir all Dag Entscheedungen, déi emol méi, emol manner Konsequenzen no sech zéien. «Wann ech dat gewosst hätt…» oder «Hätt ech dach nëmmen…» dat hu mir alleguer schon emol eng Kéier gesot. Komplizéiert gëtt et wann een eigentlech weess, dass ee besser hätt eppes ze maachen, wat sech deen Ament net esou gutt ufillt, och wann et op laang Dauer vu Virdeel ass. Oder wann een net wierklech beurdeele kann, wéi sech eng Situatioun entwéckele wäert. Patentléisunge ginn et keng, heiansdo féieren déi bescht Absichten riicht an d’Katastrof, an heiansdo entsteet aus engem Feeler eng onerwaarte Chance. Trotzdem ass et net vu Mutwëll sech Gedanken iwwert d’Konsequenzen ze maachen…vun allem wat ee mécht awer och vun allem wat een net mécht.