D'Geschicht widderhëlt sech, wéi dacks ass dee Sprach scho gebraucht ginn. De Moment riskéiert e jo nees ze passen. Och wann d'Geschicht dobäi ganz eegewëlleg interpretéiert gouf, fir en Iwwerfall ze rechtfertegen. Am Apropos vum Christiane Kremer geet et och ëm e Stéck erliefte Geschicht.

27/02/2022 Apropos "Stellt Iech vir ..."

Beim Raumen ass se mer an d'Hänn gefall. Wéi aus der Zäit gefall iergendwéi: eng kleng ronn bleche Plackett mat enger Versécherungs-Spéngel, fir se un der Kleedung oder soss anzwousch ze fixéieren. Dëse Button oder Pin Badge, wéi mer dat genannt hunn, houng un enger Rumm, an där Fotoe waren, Fotoen vu Mënschen, déi onvergiess fir mech bleiwen, och wa se viru laange Jore gestuerwe sinn. Deels op dramatesch Manéier, wéi ech mech ëmmer erënnere wäert.
Dëse Flashback 40 Joer zeréck - jo tatsächlech schonn esou laang - huet sou villes opliewe gelooss vru mengen Aen: déi ganz Zäit vun deemools. Eng gespléckte Welt an Ost a West, mat Maueren, déi getrennt hunn, mat Bommen a Rakéiten vun hei op do a vun do op hei geriicht. Mat vill schwaarz a wäiss a mat Protestlidder a Protestmärsch a Protestmessagen a kalen Zäite géint ze hetzeg Provokatiounen.
De Pin op der Fotosrumm hunn ech mer laang ugekuckt. En ass rout mat enger Dauw an engem Sproch: "Stell dir vor es wäre Krieg und keiner geht hin!" En ass deemools ëmmer nees zitéiert ginn, stoung als Graffiti op Maueren, als Text op Plakater oder eebe Badgen.
E wier vum Berthold Brecht gouf laang behaapt, wat net stëmmt. E geet zeréck op den amerikaneschen Dichter Carl Sandburg, deen en 1936 a sengem Buch "The People, Yes" engem klenge Meedchen an de Mond geluecht huet.
En ass an den 1960er-Joren an der Anti-Vietnamkrich-Hippie-Beweegung opgegraff ginn a spéider am Protest géint den Oprüstungswan tëscht USA a Sowjetunioun gebraucht ginn, vrun allem am gedeelten Däitschland.
An elo op eemol hunn ech de Pin mam Zitat erëm an der Hand, zu engem Moment, wou Krich ass. Sou no an alles anescht wéi kal.

RTL