Ni méi Krich, huet et no 1945 geheescht. Esou eppes dierft sech net méi widderhuelen, gouf ëmmer gewarnt. Elo ass en erëm do. A mir gi mat senger ganzer Grausamkeet konfrontéiert. Nei ass, datt een net méi op d’Televisioun an de Radio ugewisen ass, fir sech ze informéieren. Iwwer déi sozial Netzwierker ass ee praktesch 24 Stonnen op 24 live derbäi. D’Ukrainer posten Videoen. Vum Balcon erof ginn déi russesch Attacke gefilmt. Zerstéiert Haiser gesäit een. Kanner, déi an de Kelleren op Decke leien, fir sech virun de Bommen ze schützen. Et brécht engem d’Häerz. Een esou e Video huet dem Guy Seyler et besonnesch ugedoen:

Audio Krich an Europa

Do gesäit een eng Fra, déi daper op en arméierte russeschen Zaldot duer geet.

''Wie bass du"? freet si. "Wat méchs du hei? Dir kommt hei bei eis mat Waffen. Dir sidd Occupanten, Faschisten“.

Den Zaldot äntwert: „Dës Diskussioun féiert zu näischt. Loosst d’Situatioun net eskaléieren a gitt einfach weider“.

„Mir hunn iech net geruff“, seet d'Madamm an hieft den Toun. „Dir sidd Feinden, dir sidd verflucht. Hei si Sonneblummekären. Stiecht déi an är Täschen. Well dir stierft hei. An da wuesse wéinstens Sonneblummen aus äre Griewer eraus“.

Dem Zaldot ass näischt agefall wéi just ze soen: „Wann ech glift, gitt elo weider“.

Hei huet eng daper Fra geschwat. Eng besuergte Mamm. De ganzen Onsënn vun engem Krich ass an dëse puer Wierder dran. Besser hätt een d’Suerge vum einfache Vollek net kënnen ausdrécken.

De russeschen Zaldot wierkt veronséchert, weess awer, datt den Zäitpunkt fir Verhandlungen iwwerschratt ass. Ob hien sech duerno net awer Gedanken gemaach huet? Ech hoffen et.

Ech hunn un e Lidd vum Udo Lindenberg aus dem Joer 1981 missten denken.

Sie steh'n sich gegenüber, und könnten Freunde sein.
Doch bevor sie sich kennenlernen, schießen sie sich tot.                                                                                         
Den Erich Maria Remarque sot : Ech hunn ëmmer gemengt, all Mënsch wier géint e Krich. Bis ech erausfonnt hunn, datt et der och ginn, déi fir e Krich sinn. Dat sinn meeschtens déi, déi net dohi musse goen.