Wéi vill Zäit vu sengem Liewe verbréngt een duerch waarden a wéi kann een déi Zäit besser notzen? De Camille Ney ass deene Froen emol nogaang…

Apropos: Fir Lëtzebuergesch, dréckt d'1...

Virun der rouder Luucht, am Stau, um Telefon, an der Keess vum Supermarché, an der Salle d’attente beim Dokter oder an enger Verwaltung, um Flughafen, op der Gare, am Guichet, virum Computer… dat sinn alles Plazen op deene mir duerch d’Waarde wäertvoll Zäit vun eisem Liewe souzesoe geklaut kréien. Gescheit Leit hunn an internationalen Etüden ausgerechent, dass dat am Duerchschnëtt pro Mënsch am Ganzen 374 Deeg solle sinn. Ee gutt Joer ass also duerch d’Päif, wou mir gefillt näischt maachen, ausser waarden, dass mir dru kommen! Dir rufft enzwousch un: „fir lëtzebuergesch, dréckt d‘1, fir franséisch 2,…“ an da kënnt iergendwéini eng Bim-Bam-Bim-Musek, déi erëm vu vir ufänkt, wa se hanne fäerdeg ass. A wa se keen Enn kritt, dann hänkt een entweder genervt an, oder et rifft een nach eng Kéier un, an der Hoffnung, dass een dann éischter dru kënnt. D’selwecht am Stau, wou ee vun enger Spuer op déi aner wiesselt, well ee mengt, déi eng Rei géif méi séier viru komme, wéi déi aner. Oder et mécht een eng Röntgen vun de Caddieë virun der Keess a rechent sech aus, wéi eng am mannsten Zäit um Lafband verbréngen.

D’Moyenne vun der Liewenserwaardung läit hei zu Lëtzebuerg bei 83,6 Joer. Dat sinn 30.514 Deeg. Do kann ee soen, dass dat eent Joer, wat engem duerch d’Waarde fleete geet, Peanuts ass. Muss een awer net! Gefillt geet déi Zäit nämlech méi a méi an d’Luucht, mir sinn zu ëmmer méi an dat féiert – op mir et wëllen, oder net – zum Stau an der Leitung, op der Strooss, am Geschäft oder beim Dokter. Iwwregens: beim Siche vu Saache geet anscheinend an eisem Liewen och am Total ee Joer drop. Guer net ze schwätze vum Handy: mat enger Moyenne vu 4 Stonnen den Dag – wat bei verschiddene Leit nach kleng gerechent ass – géif den Duerchschnëtts-Lëtzebuerger 5085 Deeg oder ronn 14 Joer vu sengem Liewen op sengem Smartphone verbréngen. 11 Joer gi mer schaffen a schlofen der 28! 6 Joer iesse mir a 6 Méint si mir op der Toilette.

Mee komme mir zeréck bei eis 374 Deeg waarden. Déi Zäit kënnt eis gréisstendeels als verluer vir, de Bluttdrock geet an d’Luucht bis de Kolli platzt an e puer gro Hoer bäikommen. Op dat herno eng Inzidenz op e méiglechen Häerzinfarkt oder manner Liewenszäit huet, ass net bewisen. D‘Waardezäit am Auto kréie mir relativ gutt iwwerbréckt mam Radio a mat Musek. An der Endlosschleef um Telefon, bei der Inspektioun vum Plaffong vun der Praxis oder der Verwaltung mam nummeréierten Ticket am Grapp ass dat schonn e bësse méi schwéier, wa mer de Contenu vum Handy bis ausgesuckelt hunn. Duerfir hei mäin Appell un all déi, déi eis waarde loossen: fëllt déi Zäit wgl sënnvoll!

Firwat net zum Beispill e groussen Ecran am Waardesall installéieren, mat News oder kuerzen informative Filmer, wierklech interessanten Zäitschrëften a Quizhefter, déi net schonn all gemaach sinn, de Leit e Patt oder soss eppes fir ze schmaachen zum Beschte ginn, oder se nach eng Kommissioun maache loossen a se uruffen, wa se wierklech gläich dru kommen. An deene Responsabele vun der sougenannter Simplification administrative wéilt ech soen: d’nächst Joer si Walen! Do kann een immens vill Punkten a Stëmme sammelen, wann een nieft allerlee App’en, mat deenen deen een eens gëtt an deen aneren net, och eng effikass Hotline schaaft, op där ee séier a frëndlech empfaang gëtt an eng Äntwert kritt op seng Fro! Teams oder Zoom sinn och CO2-frëndlech a si vläicht e reelle Gewënn aus der Pandemie fir séier an onkomplizéiert weider ze kommen, ouni sech mussen ze deplacéieren! Mee Dir hutt bestëmmt nach besser Iddien! D’Worklife-Balance vun Äre Wieler a Clienten seet Iech Merci!