«Schierbele brénge Gléck», sou gëtt jo dacks gesot. Net ëmmer, mengt d’Bea Kneip am Apropos vun haut.

Apropos: Schierbelen

Et ass jidderengem schon emol virkomm: e Glas fällt op de Buedem an zerspréngt an dausend Schierbelen. Dat ass séier geschitt a meeschtens och séier nees opgebotzt. Mä stellt Iech emol vir, Dir misst dat Glas, soe mer emol e ganz gewéinlecht Waasserglas, nees Stéck fir Stéck esou zesummesetzen wéi et virdru war, esou dass een de Schued net méi gesäit. Onméiglech? Natierlech. Souguer de Fall gesat, et géif een all eenzelt Stéck erëmfannen an et dann och nach zesummegepecht kréien, et wier awer ni méi datselwecht. Grad ewéi eng déif Wonn, déi eng Läinzeechen hannerléisst.

Zënter dem Ufank vum Krich an der Ukraine ass villes zu Broch gaangen. Haiser sinn a Flamen opgaangen, Famille goufen auserneen gerappt, Dreem sinn zerplatzt. Wéi vill Mënscheliewen de Krich op béide Säite scho kascht huet an nach kaschte wäert, ass nach net ofzegesinn.  Wéivill Haass a Mësstraue geséint gouf, och dat wäert een eréischt an e puer Jorzéngte beurdeele kënnen. Villes wat iwwer laang Zäit mat vill Méi opgebaut gouf, läit a Schierbelen. Et ass ëmmer méi einfach eppes futtizeschloen wéi eppes opzebauen, an et geet och vill méi séier. Vun engem Dag op den aneren ass eng ganz Weltuerdnung duerchernee bruecht ginn, wann een och net wierklech ka behaapten, dass eis Welt jeemools wierklech uerdentlech gewiescht wier.

Mä esou laang wéi se weider dréint, bleift de Mënschen näischt anescht iwwreg wéi opzeraumen an nei opzebauen. Villäicht souguer besser opzebauen, draus ze léieren, nees ze verstoen, wéi wichteg et ass, eng Hand mat unzepaken, solidaresch ze sinn an näischt als selbstverständlech unzegesinn. Fridden, Demokratie, Gerechtegkeet, alles dat kann een nëmmen erhalen, wa jiddereen all Dag dru schafft. Mir haten et scho bal vergiess, hunn de Krich, déi schlëmmst vun alle mënschleche Perversiounen, just nach vun der Tele oder aus den Erzielunge vun eise Grousseltere kannt. Wäit ewech oder laang hier, oder béides. Dass dat eng Illusioun war, dat wësse mir elo. Et ass un eis, fir eppes draus ze léieren.