Eng Parkplaz heescht jo esou, well se normalerweis Plaz fir ze parke soll bidden! Dat ass awer nach laang net iwwerall de Fall, wéi de Camille Ney och des Woch nees festgestallt huet…

Apropos: Ënnerierdesch

Et gi se nach : déi Momenter, an deenen de gratis ëffentlechen Transport kee Sënn mécht! Zum Beispill, wann een ënner Zäitdrock a mat vill Bagage am Stadzenter Rendez-vous huet. Esou sinn ech des Woch mat vill techneschem Material am Gepäck an d’Stad gefuer a wollt am Parking Theaterplaz ënnerdaach kommen. Wéi ech den Auto dunn do bis ëm déi orange, plastiks Pottoe matzen an der Strooss gediicht hat, houl ech hannert e puer Ween virum grousse bloe Panneau, op deem wéi gewinnt „complet“ stoung. Mee mat e bësse Gedold geet dat schonn! Esouguer relativ séier sinn ech dunn och do era komm, wousst och schonn dass ech wuel an de 5. Sous-Sol misst fueren, well op deenen anere keng Plaz fräi wier.

Vu Stack zu Stack gehéiert do jo ëmmer Millimeteraarbecht, Gedold  a voll Konzentratioun derzou – all Mauer huet scho gefillt honnert där Souvenirs-Schréipsen an Téitschen, bei deenen deen Exercice schif gaang ass. Klamer op: ënnerierdesch Parkingen, déi e gewëssen Alter hunn, si jo meeschtens gezeechent vun der Zäit, mee dësen ass wierklech ënnerierdesch – Klamer zou! Zu menger grousser Verwonnerung war dunn awer och esouguer um -5 keng Plaz méi fräi! „Hu se ieren ze vill Leit eragelooss?“, schéisst et mir duerch de Kapp! Bis ech e puer vun de méiglechen Ursaachen erkannt hunn: hei sinn et gréisser SUVen, déi einfach emol eng Plaz zouparken; do där, déi de Stréch um Buedem net kënnen oder wëlle liesen, well se einfach esouvill Plaz brauche, fir eraus ze klammen. Den Domino-Effekt op d’Plazen niewendrun ass déi logesch Konsequenz. Vum -5 also nees erop op de -4, -3 a wéi mir du scho bal de Kolli geplatzt ass, ass dach net um -2 een erausgefuer. Ech war deen éischten vun 3 Amateure fir déi Plaz. An ech stoung nach net dran, du sollt ech et schonn erëm bereien: „wat en Theater - wéi kënns Du hei eraus!?“

Et gouf 3 Méiglechkeeten: entweder esou no un de rietsen Noper eruréckelen, dass deen zur Bäifuererdier misst eraklammen; selwer zur eegener Mall eraus klammen oder de Bauch eran zéien a sech tëscht der Dir an dem lénken Nopeschauto quëtschen an der Hoffnung, deem keng Schréips oder Téitsch ze maachen. Ech hu mech um Enn fir déi 3. Optioun entscheet, wat mer dunn och gegléckt ass, well de Bauchspeck sech der Situatioun ugepasst huet an de Rescht vun den 1m87 no koum, awer eréischt nodeems ech meng Wallis scho virdrun eraus gestallt hat, well un déi wier ech soss net méi dru komm. Ech hunn alt gehofft, dass ech dem Noper kee Schued gemaach hat, iwwerpréiwe konnt ech et awer net!

Wie baut esou eppes?! Sinn déi Plaze fir Minie, Smarten oder deemools 2CVen gezeechent ginn?! All Fahrschoul misst esou Parkingen a seng Stonne mat eranhuelen an deen, deen do ouni Téitsch eraus kënnt, soll de Bong direkt kréien! Mee dat ass deene wuel och ze riskant! Den Ament gi jo grad e puer vun eise Parkingen renovéiert. Ech sinn emol gespaant, wéi vill Plaz déi bidden an op se der Realitéit vun eisem Fuerpark gerecht ginn. Ech fäerten allerdéngs, dass eis Garagen an Assurancëgesellschafte weiderhin déi sougenannte „Cactus-Téitsche“ musse flécken a bezuelen, well Plaz an der Stad deier ass an all Zentimeter muss ausgenotzt ginn. Verschidden nei Parkhaiser am In- an Ausland weisen op alle Fall, dass et och anescht geet! Och wann d’Autosmarke léiwer op Nummer sécher ginn an Appen developpéiere fir den Auto mam Handy aus der vill ze klenger Parkplaz eraus ze kréien...