Schnéi am Abrëll ass zwar ongewinnt, awer natierlech net onméiglech, mengt d'Bea Kneip am Apropos vun haut.

Apropos: Schnéi am Abrëll

Ma dann, schéi Chrëschtdeeg! Sou soten d'Kollegen wéi ech e Freiden den Owend aus dem Büro gaange sinn. An tatsächlech, hat een, eng Woch virun den Ouschteren, den Androck et wier een an der falscher Joreszäit geland. Zemool wou mer et jo dëst Fréijoer schonn emol schukeleg waarm haten, an ee sech scho bal deen éischte Sonnebrand konnt afänken. Mä vun engem Mount, deen direkt op sengem éischten Dag de Geck mat de Leit mécht, kann een sech jo net vill anescht erwaarden. Oder, besser gesot, et kann een sech alles erwaarden, et sollt een op alles gefaasst sinn! Sou ass et mat Wahrscheinlechkeeten,och eppes wat eigentlech statistesch bal onméiglech schéngt, kann awer antreffen. Am Gudde wéi am Schlechten, natierlech. "Domat hat ech net gerechent!" dee Saz ka Freed oder Trauregkeet bedeiten.    Mä et däerf ee jo emol dreemen...an sech vill schéin Onwahrscheinlechkeete virstellen. Dass déi Responsabel zu Moskau géifen zou sech kommen, a mat de Bombardementer an der Ukraine ophalen. Dass och op allen anere Plazen op der Welt wou den Ament Krich a Gewalt den Alldag bestëmmen, endlech nees Fridden ausbrécht. Dass mir eis Ëmweltproblemer an de Grëff kréien, an nees an Uecht huelen wéi schéine eise Planéit wierklech ass. Dass mir eis Ressource gerecht verdeelen, sou datt fir jiddereen genuch do ass. Dass mir all eis Responsabilitéit iwwerhuelen a matschaffen fir eng liewenswäert Zukunft opzebauen. Dass mir no méi wéi 2 Joer Pandemie endlech géifen agesinn, dass et näischt méi Wichteges gëtt wéi d'Gesondheet, an dass all Mënsch e Recht op eng gutt medezinesch Versuergung huet - net just an der Theorie, mä och an der Praxis.  Dass mir géife léieren een deen aneren ze respektéieren, a fein mateneen ëmzegoen, och wann een net ëmmer derselwechter Meenung ass. An dass mir net eis selwer als Zentrum vum Universum ugesinn, mä eis och emol Gedanken ëm eis Matmënsche maache géifen.

Dat kléngt ganz sécher utopesch a wahrscheinlech och zimlech naiv. Deen Dram riskéiert esou séier ze schmëlzen, nujee, wéi Schnéi am Abrëll. An awer, onméiglech ass et net. An d'Dreemen...ka keen engem verbidden.