All 1. Sonndeg nom éischte Vollmound am Fréijoer ass Ouschteren. E Fest vun Hoffnung an Erléisung - alles dat, wat mer den Ament méi wéi brauchen, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.

17/04/2022 Apropos "Ouschteren"

Et ass dat wichtegst Fest am Chrëschtentum, et schwätzt vun der Opersteeung vu Jesus Christus. Am neien Testament steet, datt dës Leidensgeschicht zur Zäit vum jüdesche Passafest war, e wichtege Moment an der Erënnerung un d'Befreiung vun Israel aus der ägyptescher Skalverei. An der Orthodoxer Kierch, wou net nom gregorianesche Kalenner, mee nom julianesche gerechent gëtt, ass d'Fest meescht e puer Deeg méi spéit. Dëst Joer ass dat de 24. Abrëll, haut an enger Woch.
Onofhängeg dovunner, ob, wéini a wéi een zu deem engen oder anere Glawe steet, bleift et awer fir eis all e symboleschen Ament vun neiem Liewen, dat erwächt, vu Luucht, vun Natur, vun Hoffnung.

De Johann Wolfgang von Goethe huet dat a sengem "Osterspaziergang" scho festgehalen:
"Vom Eise befreit sind Strom und Bäche
durch des Frühlings holden, belebenden Blick.
Im Tale grünet Hoffnungsglück."

Wéi schwéier dëst Hoffnungsglück den Ament ze fannen ass, wësse mer all. Mir kucken bal machtlos no, wéi net wäit vun eis ewech Mënschen hiert Liewe loossen an engem sënnlose Krich.
Friddensmärsch, wéi se mol als "Osterspaziergang" enstane sinn, wierken anachronistesch an hunn et schwéier, hire Message ze placéieren an engem Moment, wou et fir d'Ukraine drëm geet sech ze verteidegen - mat Waffen. Oder ze flüchten.

"Überall regt sich Bildung und Streben,
alles will sie mit Farbe beleben."
heescht et weider beim Goethe.

Eng Bildung, déi net fir jiddereen normal ass. Mir kucke grad esou machtlos no, wéi am Afghanistan d'Meedercher nees net duerfen an d'Schoul goen, wéi Fraen net méi duerfen eleng reesen, wéi se all Grondbasis fir e selbstbestëmmt Liewen nees geholl kréien. Ob do den Opruff an d'Kritik vu 16 Ausseministerinnen eppes kënne bewierken?

Am Jemen ass emol sou eppes wéi Wafferou, a Syrien dogéint geet de Krich no 11 Joer ëmmer nach weider.

Och op Ouschtersonndeg, dem Dag vun Hoffnung an Erléisung.

"Zufrieden jauchzet gross und klein:
Hier bin ich Mensch, hier darf ichs sein!"

Sou hält dem Goethe säi Gedicht op. Positiv? Alles hänkt vum "Mensch" of, an deen huet leider vill Gesiichter.

Trotzdeem - oder grad dowéinst: e schéint Ouschterfest.