Am Futtball réckelt d’Transfertzäit ëmmer méi no. An domat heefen sech och an de Medien d’Spekulatiounen. Wéi geet et weider bei Mbappé, Haaland, Lewandowski a Co? Wann esou Wiessel och normal sinn, esou sinn déi Chifferen, déi do gehandelt ginn et awer net ... fënnt de Guy Seyler a sengem Apropos vun haut:

Audio Apropos Futtballmillionären

Datt een am Sport ka Geld verdéngen ass net nei. Schonn am Joer 600 viru Christus gouf den Olympiagewënner bezuelt a beschenkt.

E Spëtzesportler muss haart trainéieren, muss gesond liewen an op villes verzichten. Seng Karriär dauert net éiweg. Nëmmen eng Elite bréngt et op Toppniveau.

All déi Saache kennen ech. Déi aktuell Explosioun vun de Gehälter rechtfäerdegt dat awer op kee Fall.

De Futtballprofi Neymar spillt zanter 2017 fir de PSG  a verdéngt do 50 Milliounen Euro d’Joer. Et misst vläicht besser heeschen: hie kritt 50 Milliounen d’Joer. Well ob een esou en héije Salaire wierklech verdéngt ass eng berechtegt Fro.

Den Erling Haaland bleift sécher net zu Dortmund. Bei sengem méiglechen Transfert zirkuléiert e Chiffer vun 355 Milliounen Euro. Dovu verlaange säin Agent a säi Papp 70 Milliounen.
De Kärel vun 21 Joer kritt bei sengem neie Club anscheinend 600.000 Euro, an der Woch. Do dréit engem jo de Kapp.

Toppsportler sinn Idoler. Si gi bewonnert. Wéinst hinne ginn d’Leit an d’Stadien. Mee mussen si duerfir gläich Millionäre sinn.

Wat denkt sech den Aarbechter mam Mindestloun, wann e vu Steierbedruch bei sengen Idoler liest? Wann se sech a Coronazäiten géint eng Gehaltskierzung wieren? Wann se den Hals einfach net voll kréien.

Ech sinn net géint eng Bezuelung vu Sportler. Och hei am Land si Suen am Spill. 5 mol d’Woch Training, plus eng Competitioun sollen och belount ginn. Mee et soll awer alles an enger gewësser Relatioun bleiwen.