E Mëttwoch de Mëtteg gouf d’Joëlle Welfring als nei Ëmweltministesch virgestallt. Knapps war déi Nouvelle op RTL.LU an an de soziale Medien a scho goung een zum gréissten Deel anonymme Shitstorm lass. De Camille Ney mécht sech heiriwwer esou seng Gedanken…

Apropos "Eeër, mir brauchen Eeër!"

Si heesche Moni Mich, Mausi137, geftzwersch, De_Popst, DirtyHarry, Kilo oder Prolet – Spëtznimm wéi an de sozialen Netzwierker oder bei den anonymmen Alkoholiker. Et gehéiert leider zu eiser Zäit, dass Leit, déi sech net mam eegene, richtegen Numm wëllen outen, aus der Heck an d’Blannt schéissen an net iwwerleeë, wien se do treffen. Elo gi Gottseidank nach déi schlëmmst Aussoen a Wierder direkt erausgefiltert, well soss géifen eis Geriichter net méi fäerdeg gi mam Traitement vun Diffamatiounsprozesser. Mee ech froe mech awer: wat dreift déi Leit, fir hiren Dag domat ze verbréngen, iwwer anerer hierzefalen? Gitt mam Hond an de Bësch spadséieren a jäizt Är Roserei eraus, do deet et kengem wéi. Fräi Meenungsäusserung, e Grondrecht, wat leider net an all Gesellschaft eng Selbstverständlechkeet ass, muss awer fir mech an enger Demokratie mam Zivilcourage verbonne sinn, säin Numm ënnert eng Ausso ze setzen. Wat ech net well, dass ee mat mir mécht, soll ech och net mat anere maachen! An der Ukrain erliewen dausende vu Leit zanter Woche onbeschreiflecht, physescht a psychologescht Leed – déi psychologesch Wonne sëtzen dacks esou déif, dass et schwéier ass, se ze heelen. Bei de geschwatenen oder geschriwwene Gëftfeiler ass dat net anescht. Ech weess net, op Dir alles, wat Dir ënnert Ärem Deckmäntelche schreift, och ënner Ärem perséinlechen Numm esou géift ausdrécken!?

Ech hoffen, dass d’Madamm Welfring an hir Famill verschidde Commentairen net gelies hunn, a wa jo, dass si dat séier verschaffen. Normalerweis heescht et, e Minister hätt 100 Deeg Schounzäit – hei waren et gefillt 100 Sekonnen an du war d’Klappjuegd schonn op! Ech kennen d’Madamm Welfring net a si huet selwer am Interview vu sech gesot, dass si vläicht net, wéi déi meescht Leit, déi breetst Schëlleren hätt. Ech wënschen hir eng gutt Hand fir all déi komplizéiert Decisiounen, déi si an den nächste Méint muss huelen. Si huet fir sech an zesumme mat hirer Famill déi net einfach Entscheedung getraff, sech aus der 2. Rei an déi éischt Schosslinn ze stellen. Duerfir huet si Respekt verdéngt! Mir brauche staark Leaderen, déi eist Land féieren, ganz egal wéi eng Parteikaart si hunn.

An all deenen, déi och elo gläich nees ënner dësem Apropos hiert Polver verschéisse, wéilt ech soen, fräi nom Oliver Kahn, op den Dag zwou Wochen no Ouschteren an net ganz genderfräi: „Eeër, mir brauchen Eeër!“ Gitt op d’Walversammlungen a sot deene Leit dat riicht an d’Gesiicht. Oder nach besser: elo oder ni! Huelt Iech haut um Dag vun der Aarbecht e gudde Virsaz a setzt Iech op fir déi nächst Walen an ech wënschen Iech, dass Dir gewielt gitt, an déi éischt Rei kommt an d’Gefill um eegene Leif erlieft, fir net op Grond vu Kompetenze, mee op Basis vu Virurteeler jugéiert ze ginn!

An elo lass: Feier fräi, ech hunn déi kugelsécher Vest schonn un... awer wgl: ännert Ären Numm, fir dass ech och wéinstens weess, wee geschoss huet...!