Et winnt ee sech un alles! Dat ka gutt sinn oder awer och net, well net alles u wat ee sech gewinnt, ass gutt. Dat ass de Grondgedanken vum Marie Gales sengem Apropos.

Apropos: Sech un eppes gewinnen

Kuckt Dir nach d'Noriichten iwwert de Krich an der Ukrain? Wéi virun déck 2 Méint déi russesch Invasioun ugefaangen huet, war een entsat an et huet een iwwert näischt aneschtes geschwat a beriicht. Et ass een net fäerdeg gi mat kucken a sech informéiere wat dann do genee lass ass. ''Wierklech de Putin ass deen awer elo amarschéiert...?'' X Medien hunn extra Sendunge geschalt an alles hannerfrot, och wéi laang dee Krich soll daueren a wat dat dann elo gëtt. De Schock war an ass nach ëmmer grouss, wann ee vun de villen Doudege gewuer gëtt.

Mä an awer, ass et elo eng aner Opnam vun Informatiounen iwwert dee Krich, deen net esou wäit vun eis ewech ass. An den Headlines beschäftege mir eis elo éischter mat den Auswierkungen, déi esou e Krich kann hunn. Kee Gas méi an dat oder dat Land an alles gëtt méi deier..! A wéi kënne mir Russland bestrofen, datt de Putin matkritt, datt en um falsche Wee ass.

Entretemps geet de Krich da weider an der Ukrain an fir all déi, déi elo net direkt direkt dovunner betraff sinn, also mir, geet d'Liewen och weider. Sou, datt dee Krich sech an eisen Alldag ageschlach huet, ganz elle gesot, mir hunn eis un dee Krich elo ''gewinnt''.

Am Fong ass dat schrecklech! Sou ass et och dem Krich a Syrie gaangen, well dee Krich ass nach ëmmer net eriwwer, mä vun deem, schwätzt kee méi, oder just nach a Verbindung mam IS. Déi Biller vun do waren och grausam, mä si sinn aus der Aktualitéit verschwonnen.

Dem Virus, deen eis elo 2 Joer laang beschäftegt, geet et och e bëssi esou. Mam Krich ass seng traureg Berüümtheet dach aus dem Fokus geréckelt. Obwuel dee Virus gëtt et nach, nach ëmmer huet ee positiv Mënschen ëm sech. An et stierwen der och nach ëmmer duerch Corona an an aneren Deeler vun der Welt sinn se doduerch am Lockdown.

Ma un dee Virus si mir jo entretemps och gewinnt!