Wann e Kand aus senge Schong erauswiisst, da muss et Neier kréien. Dat ass an anere Beräicher net anescht, mengt d'Bea Kneip am Apropos vun haut.

Apropos: Wou de Schong dréckt

Wéi de Statec dës Woch gemellt huet, ass d'Lëtzebuerger Populatioun 2021 ëm méi wéi 10000 Leit op elo 645.000 Résidenten gewuess. D'Infrastrukturen sinn awer net automatesch matgewuess. Zemol wat déi medezinesch Versuergung ugeet, huet een den Androck, de Schong géif ëmmer méi kleng ginn.
D'Wëlzer Maternité gouf scho viru Joren zougemaach, an der Ettelbrécker huet zënter Woche kee Puppelche méi säin éischte Kreesch gedoen, och wann dat hoffentlech geschwënn nees wäert de Fall sinn. Deemno, am Norden Näischt Neits! Dat ass awer net déi eenzeg Plaz op der de Schong dréckt. Am Osten ass et den däregen Dossier vum IRM an am Zentrum begéinen sech deemno Patienten aus dem ganze Land. Wann se net gläich de Wee iwwert d'Grenz untrieden, an op Tréier, St Vith oder soss enzwousch pilgeren. Mä schonn eleng e Rendez-Vous bei engem Dokter ze kréien, ass, op d'mannst bei munche Spezialisatiounen, esou eppes wéi e Sechser am Lotto. Wann een urifft an et kritt een e Rendez-Vous fir a 6 Méint, da kann ee scho bal zefridde sinn, dacks leeft och einfach e Répondeur op deem een informéiert gëtt, dass den Dokter oder d'Doktesch leider keng nei Patienten méi unhëlt. Wat also maachen? Bei den Hausdokter goen? Dat ass emol wat ech enger Nolauschterin virgeschloen hunn, déi an d'Redaktioun vun RTL ugeruff hat, mat enger Fro déi ganz kloer eng medezinesch Expertise erfuerdert hätt. Mä, sou d'Madamm, op der Hotline vun der Santé géif si leider net duerchkommen a bei hirem Hausdokter kéim och keen op den Telefon.
Eigentlech ass et bal net ze gleewen, dass mir an dem villzitéierte räiche Lëtzebuerg net genuch Dokteren hunn, mä et ass eng Realitéit. Wann d'Corona Pandemie eppes gewisen huet, ass et wéi wichteg et ass, dass net nëmmen dat néidegt medezinescht Material do ass, mä haaptsächlech Leit déi domat ëmgoe kënnen, Dokteren, Fleegepersonal, medezinesch-technescht Personal, Mënschen op déi mir eis alleguer iergend eng Kéier an eisem Liewe musse verloosse kënnen, Gesondheetsberuffer méi attraktiv maachen a besser Aarbechtskonditiounen unbidden ass sécher en Deel dovun. En aneren Deel ass ganz allgemeng d'Offer ze vergréisseren wann d'Populatioun wiisst, investéieren aplaz ëmmer méi ze bürokratiséieren an ze rationaliséieren. Och wann a verschidden Dossieren ganz rezent Bewegung komm ass, muss een sech froen wéi et an der Realitéit wäert ëmgesat ginn a wéi laang dauere wäert. Ugangs Mee huet d'WHO matgedeelt, dass d'Pandemie ronn 13 Millioune Mënschen d'Liewe kascht huet, dovunner awer just eng 6 Milliounen u Corona gestuerwe wieren. Dacks wiere Mënsche gestuerwen well se fir aner Krankheeten net séier genuch konnte behandelt ginn.
Firwat also net de Schong einfach emol eng Gréisst méi grouss kafen? Fir dranzewuessen. Well d'Schong vir opschneiden fir dass d'Zéiwen eraus luusse kënnen, ass, mengen ech, net méi zäitgeméiss.