Et zirkuléiere grad Zuelen duerch d'Aktualitéit, déi kënnen een dronke maachen. Vrun allem maachen se nodenklech, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.

22/05/2022 Apropos "Mëllechmeedchen"

300 Millioune Mënschen op der Welt leiden ënner akutem Honger! Et huet mer schonn den Otem geholl, wéi ech et gelies hunn. Dobäi, jo, weess ee schonn ëmmer, datt et Hongersnoute gëtt. A schonn ëmmer si sech doriwwer Gedanke gemaach a Spende gesicht ginn. An den 1980er Joren hat den iresche Museker Bob Geldof de Projet Band Aid lancéiert, huet déi ganz britesch Musekzeen vrun de Micro kritt fir e Lidd ze sangen an déi sougenannten Live-Aid-Concerten sinn entstanen. Weltwäit ass dës Initiativ weidergaangen, iwwerall gouf géint den Honger a fir Afrika, wou d'Nout sou grouss war, gesongen.

De Welternierungsprogramm vun der UN wëll, sou gutt et geet, bis 2030 den Honger aus der Welt hunn. Dee schéngt mat Krisen wéi Pandemie, Krich, Klimaerwiermung och nach ze klammen. Lescht Joer war ausgerechent ginn, datt all Joer 14 Mia Dollar méi u Spenden kéinten dobäi hëllefen.

14 Milliarden: mat 2 Dollar op de Kapp, wann een déi ganz Weltbevëlkerung rechent, kéime mer dohinner. Ech weess dat ass eng Mëllechmeederches-Rechnung. Mee och wa Rechnen net sou mäint ass - du fir d'Buschtawen, ech fir d'Zuelen, seet eng gutt Frëndin ëmmer - weess ech natierlech, datt vill Mënschen grad mol genuch hu fir ze iwwerliewen, wann iwwerhaapt.

Mee do ginn et awer och nach déi aner: dee jonke Mann, dee fir Milliounen den Job wiesselt a sengen alen Aarbechtskolleegen all eng deier Auer schenkt. Ass jo léif! Oder deen, deen elo säin Basquiat fir Milliounen nees verkaaft huet oder deen, deen d'Warhol-Marilyn fir e Rekord gesteet huet. Ass jo och gutt a Konscht z'investéieren!

An dann ass do jo nach deen, deem seng fonkelnei 500 Milliounen-Yacht elo soll zu Rotterdam aus dem Hafe kommen an dofir eng Bréck ofgebaut misst ginn. Ass lo wierklech net léif.

Oder deen, deen Twitter fir 44 Mia Dollar wëll - pardon - wollt kafen. Oder vläicht wëll en awer nach, da mat Prozenter drop. Ass eng speziell Manéier z'investéieren.

Déi zwee Leschtgenannten, sinn iwwregens déi zwee éischt op der Lëscht vun de räichste Männer op der Welt, oder souguer am Weltall. Do ware se fir deier Geld a vill CO2 och schonn. Déi eleng kéinte dat mat den 2 Dollar op de Kapp fir all déi aner méi wéi kompenséieren. Am Fong kéinte se et ënner sech ausmaachen, wie wéi vill bäisteiert.

A sot elo net, dat wier eng Mëllechmeederches-Rechnung.