Gëtt et se nach, déi gutt Kannerstuff? Bei der Erzéiung goufe mir Respekt, Héiflechkeet, Akzeptanz an Offenheet geléiert. Wat ass aus dëse Wäerter ginn? Eisen Ëmgank matenee gëtt ëmmer méi brutal. Sproochlech a kierperlech Gewalt hu sech breet gemaach. Mir liewen an enger Gesellschaft, wou den Ego dominéiert, mengt de Guy Seyler a sengem Apropos vun haut:

Apropos: Wou bleift déi gutt Kannerstuff?

Et gi vill Saachen déi mech stéieren. Ech iergere mech iwwer anonym Haasskommentaren an de soziale Medien. Iwwer Fake News. Iwwer Ligen. Iwwer den Dreck laanscht Stroossen. Iwwer de Raudi am Stroosseverkéier. Iwwer déi, déi mengen, se hätten ëmmer Recht. All aner Meenung kënnt nëmmen vu engem Idiot kommen.

An dobäi wollt ech meng Pensioun  - wéi déi Däitsch soen – „in heiterer Gelassenheit“ verbréngen.

Jiddereen huet an der éischter Roserei scho mol mat Saache gedreet, déi awer keen esou richteg eescht geholl huet. Dat ass haut anescht. Den Toun ass méi schaarf ginn. Et gëtt direkt mam Dout gedreet.

Verschidde Meenungen ginn net méi am Respekt a fair diskutéiert. Et gëtt direkt geschoss. Déi Menacen, déi an der lescht géint eis Ministeren a Journalisten geriicht waren, ginn engem ze denken. A si mussen eescht geholl ginn.

De Regierungspresident Lübcke vu Kassel gouf wéinst senger Flüchtlingspolitik kalbliddeg erschoss. D’Oberbuergermeeschtesch vu Köln a 4 Begleederinnen goufe wéinst hirer Asylpolitik attackéiert a mat engem Messer schwéier blesséiert.

Dokteren, déi Leit géint de Covid impfen, gi menacéiert. Si solle gehaange ginn. Eng Kugel an de Kapp wier do d’Léisung. Pro-Russesch Demonstranten an Däitschland fuerderen den Dout vu Politiker, déi géint de Putin sinn. Mord ass dat neit Argument bei alles ginn. Wéi Bayern München an der Championsleague eliminéiert gouf, wollten 450 Anonymmer den Trainer Nagelsmann a seng Mamm ëmbréngen.

Wat ass aus eis ginn? Ass et de Stress? Mécht eis Ielebougesellschaft eis zu pueren Egoisten? Liewe mir nëmmen nach an eiser eegener Welt ?

Mir brauchen erëm en respektvollen Ëmgang. Fir datt de Mateneen erëm fonctionéiert.  Ob déi vill anonym „Hater“  dat agesinn?