D'Iwwerschrëft vun eisem Apropos kéint den Titel vun engem Film sinn, e Spaghetti-Western à la Sergio Leone. Dat ass och esou gewollt vun der Autorin vun dësem Text, dem Marie Gales.

Apropos: Dee Gudden an dee Béisen

An den USA stierwen all Dag 50 Mënschen duerch Waffen, sou de Constat vun 2020. 2022 dierft net vill anescht ausfalen, well a kengem anere Land ginn et méi Waffen a Waffegewalt. Schéissereien an Amokleef sinn hei Alldag, rezent bekanntste Beispill Texas lescht Woch, wou 19 Schüler an 2 Schouljofferen ëm d'Liewe koumen, erschoss vun engem 18 Joer jonke Mann, dee sech fir säi Gebuertsdag Waffe kaaft huet.

Och dee Massaker huet der Waffelobbyorganisatioun NRA näischt ausgemaach, well genee am Texas ass hiert alljärlecht Treffen de leschte Weekend iwwert d'Bün gaangen.

Trauregen Héichpunkt vun dem Spektakel war den Optrëtt vum fréieren US-President Trump, deen nach ëmmer mengt am ''Wëlle Westen'' ze liewen. Solutioun: Méi Waffe missten hier, d'Léierpersonal soll elo Waffe kréien an och d'Sécherheetspersonal an de Schoulen.

Well: ''Engem Béise mat Waffe muss sech e Gudde mat Waffen entgéint stellen'', sou déi bizar Ausso vun deene Revolverhelden.

Dorobber ginn et awer vill Froen: Wien ass da gutt a wie ass béis? A wéi gëtt dat decidéiert?

De Jong vun 18 Joer, deen 21 Leit erschoss huet, huet bis zu der leschter Woch zu deene Gudde gezielt. Elo ass de Jong e Béisen, en huet awer fir d'éischt 21 Leit missten ëmbréngen, fir datt een, där krommer Logik no, elo weess: Dat ass also e Béisen.

Sou einfach soll dat sinn?

Wie seet dann, datt d'Schoulpersonal wierklech wëll schéissen am Fall wou? Quasi gezwonge wier een da fir sech géint déi ''Béis'' ze wieren.

Do dierf een sech awer net ieren, net datt een och nach op eemol e Gudden erschéisst. A wie wëll da garantéieren, datt dee Mënsch, deem een dann do eng Waff an de Grapp dréckt, dann awer och net e Béisen ass.

Jo, nee, schwaarz, wäiss...sou einfach ass d'Welt net!!!

Awer och den Trump ass net eenzegen an den USA, deen an u Waffe festhält; Elteren, deenen hir Kanner erschoss goufen elo am Texas, fuerderen och méi Waffe fir sech kënnen ze wiere géint déi Béis.

Dat hei soll keen USA-Bashing sinn, wierklech net, well ech si mir sécher, wieren op anere Plazen op der Welt esou labber Waffegesetzer wéi an den USA, wier et op deene Plazen net vill anescht!