Wéi heescht et esou schéin: „wéi een an de Bësch jäizt, esou kënnt et erëm!“. An e Laachen oder e léift Wuert huet nach keen ëmbruecht! De Camille Ney gouf dëser Deeg nees dorun erënnert…

Apropos: Achtung! Kunde droht mit Auftrag!

Haut kritt d’Mamm op hirem Dag allerlee séiss Kaddoe, faarweg Blummen an originell Kaarten mat engem Häerz an engem léiwe Message. A sech misst si där all Dag kréien, mee well d’Traditioun dat esou wëll, kritt si déi eben ëmmer konzentréiert op Mammendag, den 2. Sonndeg am Juni.

E Spréchwuert seet jo och: „so et duerch d’Blumm“, wann een eng positiv Nout an e Message soll bréngen. Dir erënnert Iech bestëmmt un déi – zu där Zäit nach just - Ilres Ëmfroen, déi d’Kafgewunnechte vun de Lëtzebuerger analyséiert hunn an dobäi festgestallt hunn, dass der vill op Tréier géifen akafe goen, well se do – gefillt - méi frëndlech géifen zerwéiert ginn. Ech weess net, op Tréier do nach ëmmer eng Ausnam mécht, mee aus aneren Erfarunge kann ech just soen: Quetschen och!

Ech war dëser Deeg e.a. an enger däitscher Groussstad ënnerwee (et hätt wuel och an engem anere Land kinnte sinn) a konnt do leider just feststellen, dass de Service queesch duerch de Gaart zu 80% ënner aller Klarinett war. Granzeg, onprofessionell, gestresst, liddereg, genervt, onfrëndlech, midd... ech fanne genuch Adjektiver fir déi eenzel Acteuren aus Administratiounen, Transport, Geschäfter a Restauranten ze qualifizéieren. Ursaache ginn et sécher genuch: ze vill Aarbecht, schlecht geschlof, Long-Covid, privat Problemer... Ausrieden ginn et awer keng! Wann s Du an Dengem Job an der 1. Rei stees (däi Patron huet sech dat jo wuel gutt iwwerluecht), da muss et heeschen: „Smile, the show must go on!“ oder „Gute Miene zum bösen Spiel“... an net: „Achtung! Kunde droht mit Auftrag!“

Heiansdo hunn ech d‘Gefill, dass déi gutt Kannerstuff, wéi mir se fréier genannt hunn, am gaangen ass auszestierwen. An op där anerer Säit sinn ech iwwerzeegt, dass een aus der Mass kann erausstiechen, wann ee senge Matmënschen mat Jovialitéit, Hëllef, an engem Laachen an den An oder op de Lëpse begéint!

Duerfir hei mäi Message un eis Schoulen an un all déi, déi – wou och ëmmer - Klientskontakt hunn: sidd frëndlech, et kascht näischt, mee „ça peut rapporter gros!“, wéi de Fransous seet. Wa mir et fäerdeg bréngen, dass „Luxembourg let’s make it happen“ och fir Frëndlechkeet an effikasse Service steet, dann ass dat sécher e gutt Aushängeschëld fir eist Ländchen. D’Präisdeierecht, d’Pandemie, de Krich an der Welt an deen allgemeng negative Kontext an deem mir liewen, drécken op eist Gemitt. E Laachen, e Merci, e léiwe Geste sinn och ustiechend a maachen eis Welt all Kéier e klengt Stéck besser! Frot emol Är Mamm, déi weess, wéi et geet...