No 2 Joer Zwangspaus endlech nees e richtege Rees-Summer! Doriwwer mécht d’Bea Kneip sech esou seng Gedanken am Apropos vun haut.

Apropos: Endlech Vakanz!

D’Vakanz 2020 war carrément annuléiert, an de Summer 2021 war och net onbedéngt den einfachsten fir grouss Spréng oder laang Reesen ze plangen. Elo schéngt et endlech nees ze rullen, a Richtung Vakanz. An da kommen Nouvellen vun ofgesote Flich, laange Schlaangen op de Fluchhäfen a Passagéier déi net matzäiten duerch d’Sécherheetskontrolle kommen. An déi eigentlech gutt Nouvelle vum 9 Euro Ticket an däitschen Zich huet fir déi eng Summerfeeling opkomme gelooss, iwwerdeems plazeweis och Chaos duerch laang Waardezäiten an iwwerfëllten Zich dobäi erauskomm ass. Offensichtlech ass Reesen och am 21ste Jorhonnert ëmmer nach eng Aventure, wann och op eng aner Manéier wéi virun honnert Joer. Mir jetten a Rekordzäit iwwert den Atlantik aplaz wochelaang an engem Segelschëff zesummegepfercht ze sinn, dofir musse mir eis awer Gedanke maachen iwwer Areesbestëmmungen, d’Gréisst vum Handgepäck oder PCR Tester. Trotzdem ass Reesen ëmmer nach vill méi einfach wéi a fréieren Zäiten, ebe just, net perfekt! An an Zäite vu Klimawandel, héije Spritpräisser a Viren déi als onsichtbar an ongebiede Gäischt kéinte mat dobäi sinn, och eppes wat gutt iwwerluecht wëll sinn. A gutt geplangt, well op engem Planéit deen all Dag méi mënschlech Awunner bäikritt ass et net realistesch sech eidel Plagen a onbewunnten Insel-Paradäisser virzestellen. Reese mécht Spaass, et ass opreegend, et mécht een nei Erfahrungen, léiert nei Leit kennen. An nei Schlaangen! Domat sinn net d’Reptilien gemengt mä déi gefillt onendlech Mënscheschlaangen déi virun all gréisserer Touristenattraktioun op ee waarden. Ob a wéi ee reese wëll, dat muss jiddereen mat sech selwer, sengem Portmonni a sengem Ëmweltbewosstsinn ausmaachen. Wat awer keen engem verbidde kann, ass fir all Rees, ob grouss oder kleng, méi bewosst ze genéissen, e Bléck fir dat Schéint ze hunn dat eise Planéit ëmmer nach ze bidden huet, Gedold wou se néideg ass, a villäicht e Laachen fir d’Matmënschen, wann et emol net esou klappt wéi ee wëll. Well eng Rees ass eigentlech ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt!