Dat ass e Saz, deen een dacks spontan a mat engem Laache seet, wann een eng perséinlech Fro gestallt kritt. Mä et ginn och Mënschen, fir déi dëse Saz eng dramatesch Ausso ass. D'Christiane Kremer mam Apropos vun haut.

26062022 Apropos: Hunn ech e Choix?

Besonnesch zwee Evenementer aus de leschte Stonnen hu mech dorunner denke gelooss.
An den USA huet de Supreme Court, dat iewescht Geriicht also - besat mat enger Majoritéit vun Trump-Riichter - decidéiert, datt d'Recht op Ofdreiwung ka gekippt ginn. E puer US-Staate setzen dat schonn ëm, si bleiwe wuel net déi eenzeg. E Gesetz vun 1973 gëtt domadder nees a Fro gestallt. Jonk Frae vun 2022 hunn op eemol manner Rechter wéi hir Mammen a Bomien, déi sou laang derfir gekämpft hunn.

Vrun allem d'Recht op hire Kierper, woubäi keng Fra einfach esou, ouni e fir si wichtege Grond - dozou gehéiert och Vergewaltegung - eng Ofdreiwung mécht. Physesch ass dat keen einfache Agrëff a psychesch eng immens Belaaschtung a meeschtens hunn déi Betraffe sech vill a laang Gedanken doriwwer gemaach.

Sou wéi et elo ausgesäit, hu si geschwë kee Choix méi. Iergendwéi falen d'USA 50 Joer zeréck, wat d'Fraerechter ugeet. Wat Waffegesetzer ugeet, wuel nach méi wäit. Mä dat féiert elo hei ze wäit.

Dat anert Evenement geschitt matten an Europa zu Oslo, do wou gëschter sollt d'Pride Parade sinn. Ee Mann schéisst owes ronderëm sech, a Baren a Caféen, vrun allem do, wou queer Persoune sech ophalen, a setzt d'Liewe vu Mënschen op d'Spill, déi just d'Recht wëllen hunn, sech kënnen esou auszedrécken an esou ze liewen, wéi se et spieren.
Et ass sécher kee Choix, wann ee mierkt, datt een anescht fillt, wéi et soss an der heterosexueller Welt ass. De Choix dat matzedeelen, Gefiller sou ze weisen, wéi se sinn, fält ville Mënschen nach ëmmer schwéier. Aus Angscht oder Onsécherheet. A wann een Oslo kuckt, ass et leider och geféierlech. Mä net nëmmen do.

D'Lëscht vu Mënschen, déi wierklech kee Choix hunn, ass laang: well se a Regioune liewen, wou Krich ass, wou Honger an Aarmut Alldag sinn, wou Naturkatastrophen zouschloen, wou Fräiheet a Gläichheet a Mënscherechter Friemwierder sinn. An dat ass jo alles mol net esou wäit ewech.

Hunn ech e Choix doriwwer nozedenken, waakreg ze bleiwen an ze probéieren, tolerant an oppen ze reagéieren, an ze hëllefen, wann et geet?

Jo, dee Choix hunn ech. Deen hu mer all.