Bis de 15. Juli ass et net méi laang. Op deen Datum freeën sech d’Schüler genee esou wéi d’Enseignanten. D’Summervakanz fänkt un, an déi dauert bekanntlech hei zu Lëtzebuerg 2 Méint. Dat ass vill ze laang, soen d’Elteren. An deene 2 Méint mierken si nämlech, wat all Dag vun de Responsabelen an der Schoul geleescht gëtt, mengt de Guy Seyler a sengem Apropos.

Apropos Moies ëmmer Recht, mëttes ëmmer fräi

Jo, ech war och ee vun där Zort. An déi domm Spréch iwwer mäi Beruff kennen ech och.
„Moies ëmmer Recht, mëttes ëmmer fräi.“
„Am Summer Schoulmeeschter, am Wanter Steemetzer, dat wier ideal!“

No 40 Joer Vakanz sinn ech elo an der Pensioun. Schoulhalen huet sech an deene 40 Joer zolidd verännert. Eis Gesellschaft, an domat d’Kanner, hu sech och verännert.

D’Elteren mussen zu zwee schaffen a falen dacks als Erzéier komplett aus. D’Crèchen an d’Schoul sollen déi Aufgab iwwerhuelen.

An der Schoul ginn et Reegelen a Grenzen. Well dat fir vill Kanner nei ass, ginn et Konflikter. Kaméidi, ondisziplinéiert an onmotivéiert Schüler, dat bedeit Stress a Verzweiwlung beim Enseignant.

Wann de Beruff mat senge ville Vakanzen esou flott ass, firwat ginn et dann net genuch Léierpersounen?

Schwaarz Schof ginn et an all Beruff. Jiddereen hat a senger Schoulzäit mol e Proff, deen zwar Fachwëssen hat. Mat de Schüler awer net eens gouf.

Déi allermeescht awer hunn eng gutt Aarbecht gemaach. An dat zertifiéieren ech och menge Kolleeginnen a Kolleege vun haut. Mat ganz vill Engagement an Energie ginn si hir schwéier Tâche un.

E Schouljoer muss geplangt an organiséiert ginn. E Konzept muss stoen. Formation continue ass wichteg. Preparatioun vun Tester an hir Korrektioun, Bilanen ausfëllen, Rapporte schreiwen, all dat geschitt ausserhalb de Schoulstonnen.

Et ass en ustrengenden, mee schéine Beruff. En hätt allerdéngs méi Respekt verdéngt.