Kläppereie goufen et nach ëmmer. Richteg! Och do goung et brutal zou. Richteg, an awer kann ee sech Froe stellen, wann ee Videoe gesäit, an deenen ganz jonk Mënschen aner Jonker op schrecklech Manéier zerschloen, dëst heiheem. Marie Gales

10/07/2022 Apropos: Brutal

Virun e puer Wochen hu mir vun esou engem brutale Fall an eise Medie beriicht: E jonke Mënsch, dee vun anere Jonken zerschloe gouf, zirkuléiert an de soziale Medien. Net méi spéit wéi dës Woch war an den Noriichte vun engem Teenager ze liesen, dee schwéier blesséiert gouf, och vu enger Hord jonker Mënschen. An ech hunn och méi wéi eemol vun esou Virfäll erzielt kritt: Gruppéieren, déi anerer iwwerfalen an se zerschloen. Dat heescht keng op de Bak, mä ee mat Fäischt zerfachen, mat Féiss rennen an op eng Manéier engem Schued zouféieren, wéi een se aus brutale Filmer oder Videospiller kennt.

Ech si mir bewosst, d'Liewe ass kee Ponyhaff, net fir jiddwereen; mä dëst léisst mech mat engem reegelrechten Entsetzen zréck! Wat ass bei deene Mënsche schif gaangen, datt een sech feig zesummendeet fir anere Mënschen, dacks eleng, esou Uerges unzedoen? Wou kënnt déi Kalbliddegkeet hier? A wat mécht dat mat deem Mënsch, deen do um Buedem läit, gefilmt a blouss gestallt gëtt?

Natierlech ginn et schlecht Virbiller, ugefaange doheem bis zu de Frënn. Och Politiker weisen dacks wéi een et net soll maachen, Trump, Putin fir elo déi mol ze nennen... alles keng Mënschefrënn. Och sougenannte Staren, déi hir kriminell Oder duerch dat villt Geld menge kënnen auszegläichen, daachen net als Virbild. An dann deen Internet mat senge soziale Medie weise keng schéi Welt.

Eng elle Kandheet kann och net all Roserei vun Teenager erklären. Ass et Langweil, keng Perspektiv an dëser Welt, kee Frang hannen a vir, vläicht schlicht Dommheet, sinn et brutal Videospiller, déi een zum Äisblock gi loossen? Ech weess et net, ech gesi just d'Resultat mat vill Misär a Leed.

Allen 2, also de Kläpper an deen Zerklappte sinn Affer. Mä wat maache mat deem engem? Op Dräibuer stiechen, an de Prisong, en Heem? Wat maachen mat esou Mënschen, déi an engem jonken Alter en aneren zum Krëppel schloen? Dat gëllt och fir deen, deen esou eppes filmt an dat online setze geet.

De Sproch: wat s du net wëlls wat een dir undeet, do och kengem aneren un, kënnt do wuel ze spéit. Oder gouf do nach ni héieren.

Dofir dann Dësen: Wann d'Kand bis am Pëtz läit, kënnt en Deckel drop! Heescht, et gëtt ze spéit reagéiert an ass dann net méi gutt ze maachen. Loosse mir et net esou wäit kommen, et gëtt héich Zäit! Hei ass eng ganz Gesellschaft an och de Staat gefuerdert fir an d'Gäng ze kommen.