Dës Woch huet opeemol e Lidd, wat zanter dem 24. Juni als éischt Ballermann-Lidd d’Nummer 1 an Däitschland ass, an der internationaler Press fir grouss Opreegung gesuergt! De Camille Ney huet erausfond, dass bei deem och eng Spur op Lëtzebuerg féiert…

Apropos vum Camille Ney: Layla

Layla, dat war 1970 en absolute Klassiker vum Eric Clapton, eng Blues-Rock-Balad, déi mech a secher och vill aner virun allem an der Live-Versioun duerch eis Jugend begleed huet a wann et haut am Radio kënnt, dréint een dee gär méi haart a séngt mat. Dat Lidd, ëm dat et hei elo geet, gëtt d’selwecht geschriw, mee anescht ausgeschwat: phonetesch „Leila“ vum DJ Robin & Schürze, produzéiert vum Ikke Hüftgold mam Refrainstext „Ich hab nen Puff und meine Puffmama heisst Layla, sie ist schöner, jünger, geiler!“ Dee Saz séngt den Ament hallef Däitschland an déi aner Hallschent reecht sech driwwer op.

D’Partyinsel Mallorca war jo nach ëmmer fir Exzesser bekannt. All Vollek a Ruddelbildung fillt sech op eemol wéi de Kinnek vu Mallorca an och wann deen elo ofgedankt huet an och infrastrukturell Verännerungen de Ballermann méi schick gemaach hunn, esou wäert an der Schinkenstrasse weider gefeiert ginn bis d’Police kënnt. Wann een dat gutt fënnt, geet een dohin, wann net, dann eben net. Déi schéi Mëttelmierinsel ass grouss genuch fir der Party aus de Féiss ze goen.

An ech denken, d’selwecht ass et mat der Musek. Déi fräi Meenungsäusserung ass Gottseidank weltwäit a ville Constitutioune verankert a vill Artisten drécken dat an hire Wierker aus – mol méi gescheit, emol manner. Erënnert Iech nëmmen un d‘“Lady Rosa of Luxembourg“! Bei hir huet et och geheescht: „Ist das Kunst oder muss das weg?“ Viru kuerzem hat jo och e Lëtzebuerger Lidd de Prozess gemaach kritt, wéinst engem gewoten Text.

Op Layla elo sexistesch ass, oder wat och ëmmer, dat sollen dann d’Geriichter an Zukunft entscheeden. Si jugéiere jo driwwer op Grenzen iwwerschratt goufen an dat ass gutt a wichteg esou. An Däitschland spillen awer elo eenzel Organisateure selwer Riichter andeems si dat Lidd vun hire Fester verbannen! Dem Ikke Hüftgold an der ganzer Produktioun kann dat nëmme Recht sinn, well seng Puffmudder esou zu enger onerwaarter Notorietéit kënnt an d’Museksrechter vun der Gema bestëmmt am gaang sinn z’explodéieren.

D’Musek vu Palma war nach ni en Harvard-Aufsatz a grad wéi beim aktuellen Genderwan dierf d’Fro erlaabt sinn: Hu mir soss keng Suergen? Ech sinn duerfir elo emol gespaant wéi dat dann esou op eise Volleksfester gehandled gëtt an op den Ikke Hüftgold seng Produktioun dann och den 28. August op der Fouer duerf sangen oder op dat Lidd eis Weltoppenheet sprengt!

Mir deet just eng gutt Frëndin a fréier Mataarbechterin leed, wat Lajla heescht – dat wäert sech dëse Summer am léifste wënschen, seng Elteren hätten him en anere Virnumm ginn!