Nolauschteren, dat ass eng Konscht! Dat mengt op alle Fall d’Bea Kneip am Apropos vun haut.

Apropos: Da lauschter dach emol no!

Wou ee schwätzt, do muss och ee lauschteren. Schwätzen, dat maache mir jo am Fong alleguer ganz gär, am léiwsten iwwer eis selwer. Just…wa jidderee schwätzt, a kee lauschtert, da kënnt dobäi just eng grujeleg Kakofonie eraus bei der ee säin eegent Wuert net méi versteet. An dovun huet keen eppes. Op alle Fall kann een esou ni eppes bäiléieren. Dat wat ee selwer ze soen huet, dat weess ee jo schon, fir eppes Neies gewuer ze ginn, heescht et d’Ouere spëtzen!

Déi verstuerwe Queen ass dacks als «a great listener» , eng groussaarteg Nolauschterin, beschriwwe ginn, a villäicht huet grad dat dozou bäigedroen, dass d’Mënschen esou vun hir faszinéiert waren. Wien nolauschtert, a villäicht och emol eng Fro stellt, dee weist, dass e säi Géigeniwwer eescht hëlt, an dat ass déi eenzeg Basis op der Versteesdemech entstoe kann. Mir wëssen alleguer, wéi gutt et deed fir sech emol esou richteg ausschwätzen ze kënnen, mä dat geet natierlech nëmmen, wann eis Wierder net op daf Ouere falen. «To lend an ear», engem en Ouer léinen, sou soen se am Engleschen, a vu datt mir der jo all zwee Stéck hunn, dierft dat guer net esou komplizéiert sinn.

Ajo, eppes wollt ech nach soen: Merci un Iech alleguer, …fir d'Nolauschteren!