E waarme Summer geet op en Enn. E Summer mat hëtzegen Diskussiounen. Déi hunn sech komescherweis net esou vill ëm de Krich an der Ukraine gedréit. Layla a Winnetou waren d’Themen. Et schéngt, wéi wann déi grouss Hëtzt net jidderee gutt verdroen hätt, mengt de Guy Seyler a sengem Apropos vun haut.

Apropos: Et kann een alles iwwerdreiwen

Op der 1. Plaz an den däitschen Charts stoung dëse Summer den Hit Layla. An dat, well wochelaang ëffentlech driwwer diskutéiert gouf, ob een dësen Titel dann elo dierft spillen oder net. Ouni dës gratis Propaganda hätte wuel nëmmen e puer Leit dat Lidd iwwerhaapt kannt. An deenen aneren hätt absolut näischt gefeelt.

Am Juli gouf an der Schwäiz e Concert ofgebrach. Verschidde Spectateuren hunn net acceptéiert, datt  wäiss Museker Rasta-Locken an afrikanesch Kleeder unhaten. Dat passt zu Jamaika, awer net an eis Kultur, hunn si behaapt.

Dir wäert jo elo net wëlles hunn, als Lëtzebuerger am Dirndl oder an der Liedersbox op d’Oktoberfest op München ze fueren!

Ech war am 5. Schouljoer, an hunn – wéi meng Komeroden deemools och – Karl May gelies. Wat hunn ech gekrasch, wéi am 3. Band de Winnetou erschoss gouf. D’Kugel war zwar fir den Old Shatterhand gemënzt. Mee den Apachenhäuptling huet sech viru säi Bluttsbrudder geworf.

Elo hunn se de Winnetou definitiv an „die ewigen Jagdgründe“ geschéckt. Eng Fuesent mat Cowboy an Indianer soll et net méi ginn. Schonn eleng dat Wuert Indianer ass eng Diskriminatioun.

D’Amanda Gorman, déi kennt een, well si mat 22 Joer als jéngste Poetin  bei der Vereedegung vum neien amerikanesche President Joe Biden e Gedicht virgedroen hat.

Eng hollännesch Schrëftstellerin sollt elo Gedichter vum Amanda Gorman iwwersetzen. No staarke Kriticken huet si dat opginn.  Gedichter vun enger Fra mat schwaarzer Hautfaarf dierften net vun enger Wäisser iwwersat ginn - war d’Argument.

Ass dat déi nei Weltoppenheet? Ass dat déi Toleranz, mat där mir aner Kulturen an eisen Alldag wëllen integréieren?

Saachen - déi obwuel gutt gemengt an zum Deel berechtegt – ginn, wann een se iwwerdreift, einfach lächerlech.