Erfonnte Personnagen, geckeg Figuren, fiktiv Helden - si beräicheren eist Liewen an hëllefen eis mol aus der deeglecher Realitéit ze kommen. Dës Woch sinn der awer e puer matten an där Realität opgetaucht.

Apropos "Vun Hobbits an aneren Elefanten"

Se huelen eis dacks mat op Weeër, op déi mer eis soss net getraut hätten, weisen eis emol eppes vun enger anerer Säit ze kucken an ze verstoen. Dacks doen se eis einfach nëmme laachen oder dreemen.

Et fënnt ee se a Bicher, a Filmer a Geschichten. Ob se als gezeechent Int dacks Pech hunn, ob se mat knallrouden Trëtzen der stiichten, ob se e klenge Prënz sinn oder e klengen Zauberer - zwee Bluttsbridder aus verschiddene Kulturstämm oder ee Männchen aus enger anerer Galaxie, dee verlaangert. Ech nennen elo mol kee mam Numm, fir net nees eng Diskussioun unzefänken. Dir wësst scho wouriwwer. Ech hätt där Personnagen elo nach kënne sichen: an de Mythologien, de Geschichtsbicher, der Literatur. Ech loossen et heibäi, soss gëtt dat ze laang.

Gläich zweemol sinn dës Woch awer esou Figuren an der Aktualitéit opgefall. Eemol dem Tolkien seng Helden aus "Lord of the Rings", mat deene sech déi - wuel -  nei italienesch Premierministesch Giorgia Meloni bretzt. Schonn als Hobbit verkleet ass se an d'Schoul gaangen an elo gesäit déi ganz riets-orientéiert Politikerin sech och nach als Retterin vu Mittelerde - also Italien - a wiert sech géint all déi Orks, déi aner Meenungen hunn. Ob den Tolkien sech iwwer esou vill populistesch Reklamm freeë géif? Wuel knapps.

Déi zweet Figur halen ech mer zum Schluss, well ech als onverbesserlech Optimistin gär positiv ophalen: Den Ottifant huet et an den Online-Duden gepackt! Dem däitsche Komiker Otto Waalkes seng witzeg Comic-Elefanten mat de groussen Aen an den droleche Rüsselen, déi en anscheinend schonn als Kand an der Schoul gemoolt huet, sinn net nëmmen e Markenzeeche fir hie selwer, mee gehéieren zur populärer Konscht vun haut an zum Sproochgebrauch, elo och offiziell.

A wat sot den Otto zu sou vill Éier fir säin Ottifant? "Ech wosst guer net, datt en e Genitiv huet – deen hat e mer nach ni gewisen."

Doriwwer hätt bestëmmt och den Tolkien gelaacht!